Landwirtschaft5% vun der genotzter Fläch am Grand-Duché si fir Bio-Ubau reservéiert

Tim Morizet
Ee Joer nodeems de Bio-Aktiounsplang a Kraaft getrueden ass, dréit dëse seng éischt Friichten, esou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider.
5% vun der genotzter Fläch am Grand-Duché si fir Bio-Ubau
Ee Joer nodeems de Bio-Aktiounsplang a Kraaft getrueden ass, dréit dëse seng éischt Friichten, esou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

D'Fläch, op där mëttlerweil Bio-Produiten ugebaut ginn, wier vun 2019 op 2020 ëm 7% geklommen. Aktuell si gutt 5% vun der genotzter Fläch zu Lëtzebuerg fir de Bio-Ubau reservéiert.

Aktiounsplang Bio/Reportage Tim Morizet

D'lescht Joer wieren 12 nei Exploitanten dobäi komm, déi d'Restrukturatioun zu Bio entaméieren. Zwee konventionell Betriber géifen aktuell vun enger intensiver Berodung profitéieren, esou nach de Romain Schneider. Eng Rëtsch Projeten am Kader vum Relance Plang géifen aktuell och lafen.

Extrait Romain Schneider

Et wier Zil, d'Bio-Produiten op ëffentlecher Basis méi ze promouvéieren, fir datt de private Verbraucher mat migréiert.

Eng rezent Etüd weist, datt Lëtzebuerger ongeféier 12 Prozent vun hire Liewensmëtteldepensë fir Bio-Produiten aplangen. Den Undeel u Lëtzebuerger Bio-Produiten ass an de leschte Joren, och rezent, awer net substantiell an de Regaler am Supermarché eropgaangen. Dat wier awer eng Evolutioun, déi nach géif Zäit brauchen, heescht et vum Ministère.

Et ass en ambitionéiert Zil, iwwert den Aktiounsplang solle bis 2025 20 Prozent vun der Landwirtschaft Bio ubauen.

PDF: Reaktioun vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg asbl

Back to Top
CIM LOGO