Zoustëmmung an awer och KritikMouvement Ecologique wëll méi e präzise Pacte Logement 2.0

Diana Hoffmann
Mam Pacte Logement 2.0 vum Logementsministère soll de Gemenge gehollef ginn, fir abordabele Wunnraum ze schafen.
© RTL-Archiv

Mouveco zu Pact Logement 2.0 / Reportage Diana Hoffmann

Generell begréisst de Mouvement Ecologique de Pacte Logement 2.0. Kritiséiert gëtt awer, datt verpasst gouf, fir sozial an ökologesch Mindeststandarde festzeleeën, a sech iwwer alternativ Wunnforme Gedanken ze maachen. Suerge mécht dem Mouveco och de Baulandvertrag a besonnesch d’Ëmklasséiere vu Gréngzonen.
De Pacte Logement 2.0 wier wesentlech besser, wéi dee virdrun, bei deem et nëmmen ëm Wuesstem gaange wier. Mam Pacte Logement kréien d’Gemenge logistesch a finanziell Hëllef beim Schafe vun abordabelem Wunnraum. Ouni dee richtegen Uspriechpartner gesäit de Mouvement Ecologique awer net vill Chancen op Erfolleg.

D’Blanche Weber, Presidentin vum Mouveco, fuerdert eng national Koordinatiounsstruktur. Dofir soll eng Cellule am Logementsministère geschafe ginn. Et géingen Acteure gebraucht ginn, déi sech un d’Gemenge riichten.

Am Pacte Logement géinge vill ënnerschiddlech Theme wéi zum Beispill Parkraum-Management opgefouert ginn an och vun enger Qualité résidentielle, déi gebuede soll ginn, ass riets. Et géing awer net genau erkläert ginn, wat domat gemengt wier. De Cédric Metz vum Mouveco seet, datt keng Mindestkrittäre festgehale gi wieren, déi Saache wéi Duerchgréngung, Reduktioun vu Versigelung oder d’energetesch Versuergung géinge garantéieren.

Et wier och eng grouss Chance verspillt ginn, fir gemeinschaftlech a kooperative Wunnformen ouni Gewënnzweck ze fërderen, sou d'Kritik. Et hätt ee kënne Gemengen, déi op dee Wee ginn, finanziell ënnerstëtzen.

Sou wéi de Pacte Logement verfaasst ass, wier net auszeschléissen, datt et zu sougenannte Kastensiedlunge komme kéint, bei deene just Wunnraum geschaaft gëtt, ouni datt bestëmmte Krittären agehale ginn, déi ebe kloer missten definéiert ginn.

Grouss Suerg mécht dem Mouvement Ecologique iwwerdeems nach besonnesch ee Punkt aus dem Baulandvertrag.

„Et soll méi verbindlech am Baulandvertrag festgehale ginn, datt et muss Krittäre ginn, wéi en Terrain vun enger Zone verte opgrond vum Baulandvertrag zu enger Bauzon erkläert ka ginn an datt et dann och bestëmmte Konditioune ginn, wéi eng net a Fro kommen", sou d’Blanche Weber.

Back to Top
CIM LOGO