Sou den Titel vun engem "Dossier" op RTL Télé Lëtzebuerg, wou leschte Juli RTL-Journalisten eng gréisser Affär opgedeckt a public gemaach hunn.

An där goung et ëm e Lëtzebuerger Geschäftsmann an enger gudder Dose Firmen, déi dem Mann gehéieren. De Verdacht louch op méiglechem Mënschenhandel, Ausbeutung a Fälschunge vun Dokumenter. Am Reportage gounge Faiten zeréck an d'Joren 2018 an 2019.

D'Urteel: De Prozess aus de Joren 2012 an 2013

18 Méint Prisong mat Sursis

Den Donneschdeg de Moien op der Correctioneller Kummer vum Dikrecher Geriicht gouf d'Urteel gesprach an éischter Instanz géint dee selwechte Geschäftsmann, wou et awer ëm Faite geet aus de Joren 2012 an 2013, also Faiten, déi gutt 9 Joer zeréckleien. De Prozess, deen op 3 Deeg ugesat war, huet der 6 gedauert. Eng ronn 30 Plaignanten an Zeie goufen an enger laangwiereger Enquête a wärend dem Prozess gehéiert. Fréier Mataarbechter, déi meeschtens hir Pai net kruten, sou wéi keng Sonndes- oder Iwwerstonnen. Et goung an dësem Prozess ëm systematesch Infraktiounen aus dem Aarbechtsrecht a penal Infraktioune wéi Fälschunge vun Dokumenter, Calomnie a Schwaarzaarbecht. De Geschäftsmann, fréiere Lëtzebuerger Pilot, gouf en Donneschdeg de Moien zu 18 Méint Prisong mat Sursis verurteelt. D’Mamm vum Ugekloten, déi "Signataire" bei eenzele Firme war, souz och op der Uklobänk, gouf awer fräigesprach.

Méigleche Mënschenhandel an engem Hotel zu Veianen?

Eng RTL-Investigatioun

RTL-Recherchen no schéngt dëse Geschäftsmann, zënter iwwer 10 Jore Schmu a Bedruch op groussem Niveau an ënnerschiddleche Secteuren ze bedreiwen. Ausgangspunkt vun dëser Affär war virun engem Joer e portugisesche Whistleblower, deen an engem Hotel zu Veianen fir de Patron an der Kiche geschafft hat. An engem RTL-Interview an enger Plainte, déi un de Parquet goung, denoncéiert hien d'Aarbechts- a Wunn-Konditioune vun auslänneschen Aarbechtskräften an e puer Etablissementer, déi dem Geschäftsmann gehéieren. Hannendru verstoppe sech awer nach aner kromm Geschichten. Eng Dose Firmen aus allméigleche Secteure kënnen do implizéiert sinn: En Hotel zu Veianen, e Sushi-Snack an e mexikanesche Restaurant zu Angelduerf. Och eng Immobiliëfirma, eng Fiduciaire, eng Renovatiounsfirma, e Molbetrib an nach e puer Gesellschaften aus dem Beräich vun de Finanze gehéieren dem Lëtzebuerger Geschäftsmann. Temoignagen no wär et systematesch, dass de Patron an den ënnerschiddleche Firme Leit engagéiert, déi en no kuerzer Zäit erëm entléisst, ouni se ze bezuelen. Dacks sinn Aarbechter net an der Krankekeess ugemellt, an Dokumenter wéi Aarbechtskontrakter oder Umeldunge bei der Krankekeess gi reegelméisseg gefälscht oder si existéiere guer net.

Eng Enquête leeft

D’Police Judiciaire enquêtéiert den Ament iwwer dës Affär, sou dass een dovunner kann ausgoen, dass et zu weidere Prozesser wäert kommen.

Modern Sklaverei a Bedruch op groussem Niveau
Am Mëttelpunkt vun eiser Enquête steet ee Geschäftsmann, deen an enger Dose Firme Gerant oder Administrateur ass oder och nach Parten huet.