Den Agrar-Pak fir no 2027 ass an der Maach a Bréissel plangt, den traditionelle Modell mat den zwou Saile falen ze loossen.

EU-Agrar-Politik: E Reportage vum Pit Everling

Dëse besteet jo aus den direkte Payementer an aus dem Volet vun der ländlecher Entwécklung. Am Juli gouf et jo europawäit Kritik un de Propose vun der Kommissioun. Och zu Lëtzebuerg war d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen skeptesch. Um Pabeier gesäit et aus, wéi wann d'Lëtzebuerger Bauere géinge Sue verléieren, mä dat wier net esou.

Dat huet den EU-Agrarkommissar Christophe Hansen e Méindegmëtteg um Krautmaart ze verstoe ginn, et misst een d'Saach am Ganze gesinn. Hien huet an den zoustännege Chamberkommissiounen Explikatiounen zur der zukünfteger europäescher Agrarpolitk ginn. Déi wëll manner bürokratesch a méi flexibel ginn, mat méi enger grousser Matbestëmmung vun de Länner:

"Fir Lëtzebuerg gesäit et zwar um Pabeier effektiv aus, wéi wann d'Agrarpolitik géif e bësse méi wéi 20 % verléieren, mee déi 20 % sinn ëmmer nach obligatoresch. A mir hunn och an der Lëtzebuerger Enveloppe 200 Millioune Sputt, fir dat ze maachen. Wa mer just d'Hallschent dofir fir dee ländlechen Entwécklungsdeel, deen der Landwirtschaft och zegutt kënnt notzen, si mer iwwert deem aktuellen Niveau."

Europawäit wiere vun den 386 Milliarden am Dëppe der schonn 300 geséchert, wat 80 % sinn, sou de Kommissär:

"Déi aner 20 % sinn nach ëmmer obligatoresch. An do hu mer an deem NRPP hu mer 453 Milliarden, déi nach net allouéiert sinn. Stellt Iech elo vir, et géif just ee Véierels vun deene 483 Milliarden, fir déi do obligatoresch Programmer benotzt ginn, da si mer schonn iwwert deem aktuellen Niveau."
 
Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten kann d'Bréisseler Rechnung net sou ganz novollzéien:

"Also den Här Hansen ass jo e Member an enger Kommissioun, déi elo den europäesche Baueren 90 Milliarden ewechhëlt. Hie seet eis, berouegt gären d'Baueren a seet, mee déi kënne kucken, dass en Deel dovunner awer och iwwert national Fonge kann ausbezuelt ginn. Elo muss een awer wëssen, aus deenen nationale Fonge ginn och nach eng ganz Partie aner Politicke finanzéiert. An dat ass iwwerhaapt net séchergestallt, dass dann d'Nationalstaaten déi Suen och wierklech wäerten opbréngen, fir dat ze kompenséieren."

E weidere Kritikpunkt un der nächster PAC: D'Degressivitéit vun de Primmen fir d'Hektaren an de Plafong vun 100.000 Euro. De Christophe Hansen verweist drop, datt een dat, wat ee verléiert, iwwer zum Beispill Innovatiouns- oder Ëmweltmoossnamen rëm ka ra spillen.

A propos Ëmwelt. Der grénger Deputéiert Joëlle Welfring ginn d'Efforten an deem Beräich net duer:

"Am Moment ginn et Effekter vun der GAP, déi souwuel fir d' Baueren net gutt sinn, fir hir strateegesch Planung net gutt sinn, awer och fir d'Ëmwelt net immens gutt sinn, wat jo tatsächlech op dat selwecht erausleeft, well hir Zukunft steet jo och mat um Spill. An do eis Fro och: wéi soll dat an Zukunft besser ginn? Mir krute jo quasi alt erëm eng Datz vun der Europäescher Ëmweltagentur, déi gesot huet, dass esou vill Prozent vun der Pollutioun, vun anere Quellen och, mee och vun der Landwirtschaft kommen. An d'Fro ass, wéi gi mer domadder ëm? A meng Fro un de Kommissär wär, wat huet hien do wëlles, fir där Saach entgéintzewierken? do koum elo net schrecklech vill konkreet als Äntwert."

En anere Sujet an der Kommissiounssëtzung war d'Mercosur-Ofkommes, tëscht der EU a südamerikanesche Länner. Do géif et sensibel Secteure ginn a méi offensiv Secteuren. Hie geséich grousst Potential zum Beispill bei Wäin, Spirituosen, Mëllechproduiten, Ham, Kéis oder Oliven. Méi defensiv wieren den Zocker an de Poulets- a Rëndsfleesch-Secteur, sou nach de Christophe Hansen. 
 
Am Kader vum Mercosur-Accord flitt de Christophe Hansen iwwregens en Dënschdeg  mat enger Delegatioun vun 80 europäesche Betriber – dorënner zwou Lëtzebuerger Entreprisen - a Brasilien.

RTL

© Domingos Oliveira / RTL