Fëlschdref
Alkoholiséierten Automobilist responsabel fir Accident mat 3 Autoen

E Méindeg kuerz viru 14 Auer ass et op der Dräikantonsstrooss zu Fëlschdref zu engem Accident komm, an deen dräi Autoen involvéiert waren.
Wéi d'Police um Dënschdeg de Moie schreift, wier den Accident bei enger rouder Luucht geschitt, wou een Automobilist engem aneren hannendrop gerannt ass, wouduerch dëst Gefier an den Auto viru sech gedréckt gouf.
Ee Chauffer koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
Den Alkoholtest beim Chauffer, deen deem aneren hannendrop gefuer war, war positiv an et gouf nach op der Plaz e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.
Am meeschte gelies