De fréiere President Nicolas Sarkozy trëtt Prisongsstrof un

© AFP
Hie gouf am Prisong Santé zu Paräis inhaftéiert an huet eng Eenzelzell vun 9 Metercarré, ouni Kontakt mat anere Prisonéier.
E Geriicht hat de Sarkozy Enn September zu 5 Joer Prisong verurteelt, wéinst illegaler Walkampffinanzéierung aus Libyen.
De fréiere President ass an Appell gaangen. Wéinst der Gravitéit vun der Dot huet de Riichter awer decidéiert, datt de Sarkozy nach virum Appellsprozess an de Prisong muss.
En Dënschdeg kuerz virun 10 Auer ass den Nicolas Sarkozy seng Prisongsstrof ugetrueden.

© AFP
Hie kann awer, nodeems en am Prisong ass, eng sougenannt "Haft-Erliichterung" froen, zum Beispill eng elektronesch Foussfessel. Dat kann awer bis zu zwee Méint daueren, bis do eppes decidéiert ass.
D’Eenzelzell vum Nicolas Sarkozy ass am Prisong an engem spezielle Beräich, deen extra iwwerwaacht gëtt, net awer speziell fir hien ekipéiert ass. De 70 Joer alen Ex-President huet, wéi déi aner Prisonéier, eng Dusch a senger Zell, e Frigo an eng Tëlee, e klengt Bett vun 80 Zentimeter Breet an e ganz klenge Schreifdësch.