Securité sociale800 Chaufferen aus dem Grenzgebitt goufen desaffiliéiert

Diana Hoffmann
Betraff si Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, awer net hei wunnen.

Wat dat fir Konsequenze fir déi Concernéiert a fir d'Land kann hunn, erkläert den Zoustännege fir d'Koordinatioun vum Transportsecteur beim Gewerkschaftsbond LCGB.

Et huet déi Betraffen, mä och de LCGB e bëssi iwwerraschend getraff. Wärend der sanitärer Kris den 30 Abrëll zejoert ass en europäescht Reglement ausgelaf, wat seet, wéini eng Partie vun de Chauffeuren, déi net zu Lëtzebuerg hire Wunnsëtz hunn, vun de Sozialleeschtungen hei am Land kënne profitéieren. Betraff si ronn 800 Persounen, déi virun 2010 agestallt goufen, wéi de Paul Glouchitski, Responsabel fir d'Koordinatioun vum Transportsecteur beim LCGB erkläert:

"Vum 1. Mee 2020 u sinn all d'Chauffeuren, déi keng Lëtzebuerger Residentë sinn, virun 2010 agestallt goufen, a mindestens 25 Prozent vun hirer Aarbecht am Land, wou se wunnen, leeschten, net méi bei der Securité sociale zu Lëtzebuerg affiliéiert. Si musse lo hir Cotisatiounen an deem Land maachen, wou se hire Wunnsëtz hunn. Dëst huet eng Partie Konsequenze fir déi Betraffen, wéi de Verloscht vum Recht op de Congé parental oder d'Allocations familliales."

800 Chaufferen desaffiliéiert / Rep. Diana Hoffmann

Fir Salariéen aus deem Secteur, mat Wunnsëtz am Ausland, déi no 2010 agestallt goufen, gëllt dëst Gesetz iwwregens elo schonn. Esou e Gesetz wier zwar sënnvoll, fir géint Sozialdumping virzegoen, sou de Paul Glouchitski. Ma hei zu Lëtzebuerg wieren d'Salairë souwisou méi héich, wéi an den Nopeschlänner.

De Centre Commun vun der Securité sociale hätt Enn zejoert och schonn ugefaangen, Salariéen ze desaffiliéieren, an dat zum Deel ouni Réckmeldung vun Employeuren. Vill vun de Betraffene wiere lo néirens affiliéiert, eng Decisioun vum Land, wou se wunnen, kéint méi wéi 2 Méint an Usproch huelen.

Am Communiqué vum OGBL steet iwwerdeems ze liesen, dass a Fäll vu retroaktiven Desaffiliatiounen, d'Chaufferen d'Sozialleeschtungen aus Lëtzebuerg net mussen zeréckbezuelen, wann et de Feeler vum Employeur war. D'CCSS huet donieft confirméiert, dass eng 40 vun dëse Fäll tëscht de Lëtzebuerger an de belschen Administratioune konnte gereegelt ginn.

PDF: Communiqué OGBL

Back to Top
CIM LOGO