Den Escher PAG ass prett. Den neie Bebauungsplang ass ee vun deenen, déi e Stéck méi spéit u sinn a scho fir Diskussioune gesuergt hunn.

Den Escher Bebauungsplang ass esou gutt wéi a Stee gemeesselt, mä zënter dass déi éischt Versioun heivunner eraus ass, lafen d'Denkmalschützer Amok. De Buergermeeschter wéilt knapps e Véierel vum Escher Patrimoine bâti a sengem PAG schützen, fäerte si. Dat wiere ronn 400 Objete vun deenen 2.500, déi Sites et Monuments als erhalenswäert proposéiert haten.

De Paul Ewen, President vun der Denkmalschutz Federatioun nennt sech schockéiert an erënnert drun, dass de Bierger fir eng Renovéierung guer keng finanziell Hëllefe méi kritt, wa säin Haus net ënner kommunaler Protektioun steet. Si hätten dës Woch nach als Federatioun Rendez-vous beim Taina Bofferding.

RTL

Den Escher Historiker Denis Scuto ass skandaliséiert iwwer dës Aart a Weis, mat der Minettemetropole ëmzegoen, ka sech dat awer u sech net virstellen, well soss hätt een et hei carrement mat Vandalismus ze dinn!

Escher Patrimoine / Rep. Monique Kater

De Gemengepapp weist sech vun dëse Reprochë séier wéineg beandrockt, well een engersäits mat falsche Chiffere géing kommen a well säi Schäfferot an hie selwer, als Escher, genee wéissten, wat si un Esch hunn. Eng Wurth-Paquet-Strooss, déi bei der Klinik Sainte Marie, wier net a Gefor, sou de Georges Mischo, well mam Bagger kéim hei keen. Ob een him géing trauen?! Dat geséich een an de nächste Gemengewalen.

Déi méi skeptesch Kulturministesch an déi éischter optimistesch Ministesch vum Interieur wëllen dem Georges Mischo trauen. Deen huet, nodeems säi PAG fir d'zweet duerch d'Commission d'Aménagement vum Inneministère gaange war, eng Rei Textpassagë geännert.

RTL

"La démolition des éléments identitaires à conserver est interdite", steet elo do an dat wier scho méi Schutz wéi an der éischter Versioun vum PAG, erkläert d'Inneministesch, déi net vu ronn 400 effektiv geschützte Gebaier schwätzt, mee vun 1.400.

Dobäi geet et hei, wéi gesot, ëm "éléments identitaires", dat geet vu Gesiichter oder Duerstellunge vun Eilen op enger Fassad, iwwer Fënsterbänke bis bei déi speziell Corniche vun engem Gebai.

RTL

Esch ass berüümt fir seng sougenannt "Mascarons", déi d'Nelly Moia, Escher Schrëftstellerin a Fotografin an hirem Wierk Mascarons de Luxembourg veréiwegt huet.

RTL

Wann et ëm e Bebauungsplang geet, hätt ee besser, zesummen ze schaffen, fir e Kompromëss tëscht Patrimoine an Urbanismus ze fannen. De Kulturministère ass den Ament op alle Fall ëmmer nach der Gemeng respektiv dem Inneministère ënner geuerdent. An hei decidéiert sech och d'Zukunft vum Escher Patrimoine. Méi iwwert den neie PAG fannt Dir hei.