
An engem oppene Bréif un d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Premier Bettel kritiséiert de Laboratoire Bionext vu Leideleng d'Prozedur vum Large Scale Testing.
De Labo freet d’Regierung, firwat déi gratis Tester am Kader vum Large Scale Testing eleng vun engem Laboratoire solle gemaach ginn. Bionext schwätzt vu Willkür, vun enger arbiträrer Decisioun, déi eng deloyal Konkurrenz par Rapport zu allen etabléierte Laboe géif duerstellen. Dëst wier net ze verstoen, seet den Dr Jean-Luc Dourson vun de Bionext-Laboratoiren.
De Laboratoire ënnerstëtzt d’Initiativ vun der Regierung, fir de Leit, déi nach net konnte geimpft ginn, gratis Tester zur Verfügung ze stellen, mä freet d’Regierung, all de Laboratoiren z’erlaben, d’Tester duerchzeféieren.
Op Basis vun dësem Bréif, huet iwwerdeem och d'CSV eng entspriechend urgent parlamentaresch Fro un d'Gesondheetsministesch gestallt. Ënner anerem gëtt sech heiranner gefrot, firwat d'Leit net d'Méiglechkeet kréien, fir sech gratis an engem Labo vun hirem Choix testen ze loossen.