D'Lëtzebuerger Bankenopsiicht CSSF hat der Firma Cyberservices, déi wéi PayPal zum Beispill, e Service fir Online-Bezuelungen ubitt, am Joer 2019 hir Autorisatioun ewechgeholl hat. D'Konnte sinn agefruer. Vill Händler waarden zanter zwee Joer elo op d'Suen, déi hir Clienten online bezuelt hunn. Rieds ass vun enger Zomm a Milliounenhéicht an dat dräistelleg.
Déi concernéiert Commerçante reprochéieren der CSSF Intransparenz.
Déi Däitsch Beate Zermann, déi berufflech Reesen an Ecuador organiséiert, vermësst zum Beispill 43.000 Euro. Wou hir Suen dru sinn, wéisst si net. Honnerten, wann net dausende Geschäftsleit wären am selwechte Fall.
Wou hir Suen dru sinn, wëssen si all net. Dofir fuerdere si d'Bankenopsiicht, respektiv och d'Regierung op, hinnen ze soen, ob et déi Konnten, op deenen d'Suen eventuell agefruer sinn, iwwerhaapt gëtt. A wa jo, wéi vill drop ass, erkläert d'Lëtzebuerger Affekotin Françoise Nsan-Nwet, déi d'Affer vertrëtt.
Der Firma Cyberservices no géifen d'Suen op separate Konnte bei der Spuerkeess leien, erzielen déi besuergt Geschäftsleit. Eng Confirmatioun vun der CSSF géif een zanter 2 Joer vermëssen.
D'Bankenopsiicht selwer betount an engem Pressecommuniqué, dass si d'Allgemengheet géing protegéieren an Cyberservices d'Lizenz ofgeholl hat, well d'Firma d'Reegelen net respektéiert hätt. D'CSSF hätt och ni en Accès op déi concernéiert Konnte gehat a kéint deemno och keng Sue kann deblockéieren.
Antëscht ass d'Firma Cyberservices och faillite. Den Affekotecabinet Steinmetz këmmert sech ëm d'Gestioun vun der Insolvenz. D'CSSF erënnert drun, dass de Me Steinmetz aktuell keng Informatiounen iwwer dëse Fall ka ginn.
D'Affär gëtt net nämlech net méi einfach duerch de Fait, dass d'Affekote vun der Entreprise Cyberservices Recours géint d'Prozedur vun der Faillite ageluecht hunn.
Aus der Siicht vun de concernéierten Händler ass de Fall ganz einfach: Si wéisste gär, wou hir Suen dru sinn. A wann d'Konnten existéieren, hätten d'Beate Zermann an hir Compagnone mam selwechte Leed hir Sue gär zeréck. An zwar bis den 31. August.