D'Visitten am Prisong, och déi ouni Surveillance, goufe wéinst der Corona-Pandemie limitéiert, respektiv annuléiert.

Visitten am Prisong nees erlaabt / Rep. Tim Morizet

Wärend fir déi eng d'Covid-Reegelen opgelockert ginn, hätt sech fir anerer d'Situatioun net wierklech verbessert. Dat bedauert d'Associatioun „eran, eraus... an elo?“. D'ASBL, déi sech fir d'Rechter vun de Prisonéier asetzt, bedauert, datt d'Prisonéier nach ëmmer an hire Besuchszäite limitéiert sinn. Dës Ongerechtegkeet géif just fir weider Onroue suergen.

Méi Visitte a virun allem méi laang Besuchszäiten am Prisong fuerdert d'ASBL eran, eraus... an elo? Zanter dem Ufank vun der Pandemie sinn d'Zäite fir d'Visiteuren drastesch gekierzt ginn an och d'Visites Hors Surveillance, also déi ouni Iwwerwaachung, fir den Ament ofgeschaaft sinn.

De Gregory Fonseca:

Familljen a sozial Kontakter, déi de Prisonéier huet, dierfe just eng hallef Stonn op Visitt kommen. Dat ass een enormen Opwand, wann ee bedenkt, datt verschidde Famillen deels eng Stonn muss fueren, fir an de Prisong ze kommen. Dat dréckt natierlech op d'Moral.“

Et wier een an de leschte Wochen direkt vun e puer Prisonéier kontaktéiert ginn. De Verloscht u mënschleche Kontakter no baussen hätt drastesch Konsequenzen op déi mental Gesondheet vun de Prisonéier souwéi hire Famillen an Frënn. Et hätt ee Verständnis fir déi streng Reegelungen um Héichpunkt vun der Pandemie gehat. Elo awer misst e sanitäert Konzept ausgeschafft ginn.

Et gi bekannte Mëttel. Zum Beispill de CovidCheck, et ginn Tester, déi een op der Plaz kéint maachen. Dat géif et erlaben, déi Visitten nees anzeféieren.“

En General géifen déi "normal" Visitte schonn net duergoen, bedauert d'ASBL, déi sech fir d'Rechter vun de Prisonéier asetzt. Et misst ee sech Gedanke maachen, fir eng Unitéit fir d'Vie familiale ze schafen – dës géif och eng besser Reinsertioun an d'Gesellschaft dono erméiglechen.