Wat bréngt d'Renaturéierung vun de Lëtzebuerger Gewässer?

© RTL-Archivbild
Wéi kann d'Renaturéierung vun de Lëtzebuerger Gewässer Evenementer ewéi déi am Juli bremsen oder souguer ganz stoppen?
Aktuell leeft eng Etüd vum Waasserwirtschaftsamt, déi d'Potential vun enger Gewässerretentioun, also méi breet Ufere fir gréisser Fléissgewässer zu Lëtzebuerg analyséiert. Éischt Resultater gi sech fir d'nächst Joer erwaart.
Déi ganz Etüd leeft am Kader vun engem Kadaster, deen dës Retentiounszon soll festleeën. An enger éischter Phas goufen d'lescht Joer potential Duerchlaf-Erweiderunge fir déi 17 Fléissgewässer zu Lëtzebuerg, déi Iwwerschwemmunge kéinte riskéieren, festgehalen. An engem nächste Schrëtt gëtt da gekuckt, ob Terrainen, déi historesch gesi reegelméisseg geflut ginn, un d'Gewässer attachéiert kënne ginn. D'Etüd soll ugangs d'nächst Joer ofgeschloss sinn.
Net nëmme soll esou d'Waasserqualitéit am Grand-Duché däitlech verbessert ginn, ma och Capacitéite fir d'Waasser zeréckzehalen am Fall vu gréissere Schaueren, heescht et vum Ëmweltministère.
D'Ministesch Carole Dieschbourg an engem rezenten Interview: „Mir hunn Akzenter gesat an de Renaturéierungen. Zanter 2015 sinn eng ronn 24 Kilometer Baache renaturéiert ginn.“
Eng Rëtsch Renaturéierungsprojete ginn aktuell nach geplangt. Besonnesch d'Sauer an d'Uelzecht stinn am Mëttelpunkt. Esou och zu Hesper. De Buergermeeschter Marc Lies huet hei bis ewell gutt Erfarunge gemaach.
„Aarbechten, déi ënner anerem viru 6 Joer zu Izeg gemaach goufen, hu vill bruecht. Hei gouf déi lokal Baach renaturéiert. Déi ass soss ënnert eng Cité gelaf a gouf do kanaliséiert. Bei staarkem Ree gouf do déi Cité reegelméisseg iwwerschwemmt. Déi Aarbechten hunn hir „Feuertaufe“ definitiv bestanen. Do gouf et de leschte Mount kee Problem méi. “
Effektiv ass awer bei ville Gemengen den Terrain fir ze renaturéieren de Problem. Deen ass dacks a Privatbesëtz. D'Gemengen awer misste scho beim Plangen hëllefen.
„Bei der Planung vun neie Citéë mussen déi Iwwerlaffläche vun Ufank u mat ëmgesat ginn. Dat bréngt och méi Liewensqualitéit mat sech.“
Liewensqualitéit, déi awer och muss ënnerhale ginn. Déi renaturéiert Flächen dierfen net vun der Gemeng propper gehale ginn, mä vum Waasserwirtschaftsamt. Dat klappt awer net ëmmer, esou d'Hesper Gemeng.
Eriwwer op Miersch. Hei huet ee sech d'lescht Joer kloer géint eng Renaturéierung ronderëm d'Uelzecht ausgeschwat. De Buergermeeschter Michel Malherbe:
„Mir hu jo e ganz flotte Park zu Miersch vu 17 Hektar. Et ass eng vun de schéinste Plazen zu Miersch. Wa mer vun Re-Naturaliséiere schwätzen, heescht dat, datt de Park an 2 mat engem Gruef gedeelt gëtt an dat wëlle mer net akzeptéieren.“
Et hätt een an der Vergaangenheet och ze vill schlecht Erfarunge bei den zoustännegen Administratioune gemaach. Ënner anerem:
„Wann ee vu Miersch schwätzt, da weess een, datt mir déi 3 Flëss hunn. D'Uelzecht, d'Mamer, an d'Eesch. An d'Mamer ass och en Deel vum Park. Do si mer elo och schonn 10 Joer am Gaang mat renaturéieren. An do huet eis Gemeng gesot, mir géifen eppes maachen. Net méi spéit ewéi d'lescht Woch krute mer gesot, et géif elo eppes passéieren. Mee dat gleewen ech eréischt, wann ech d'Pläng an d'Baggere gesinn, déi ufänken.“
Am Fall vu Miersch géif eng Renaturéierung vun der Uelzecht och just bedéngt bei Iwwerschwemmungen hëllefen. Et wier eng Optioun, déi leider net aller „Heilmittel“ ass.