Veterinärs- a LiewensmëttelverwaltungHaaptmesurë géint d'Vullegripp ginn opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
Wärend verschidde Recommandatiounen a Kraaft bleiwen, ginn d'Haaptmesurë vun der Preventioun géint d'Vullegripp opgehuewen.
© Archiv

Wéi et vun der Veterinärs - a Liewensmëttelverwaltung heescht, hätt d’Situatioun am Land mam Bléck op d’Vullegripp positiv evaluéiert. Aus deem Grond géif een d’Haaptmesuren, déi am Kampf géint dës Gripp agefouert goufen, elo ophiewen.

Doduerch fält ënner anerem d’Verbuet vun Astellungen, Foiren oder Mäert, wou Gefligel gewisen oder verkaf gëtt, ewech. Och dierfen d’Déieren nees dobausse gehale ginn a mussen net an zouene Raim bleiwen.

Et bleiwen awer verschidde Recommandatioune weider en place, esou zum Beispill soll de Kontakt mat wëlle Vulle limitéiert ginn. D’Alva réit och generell, datt d’Leit weider virsiichteg sinn.

D’Schreiwes vun der Alva

Back to Top
CIM LOGO