
Nodeem den Diesel an de Masutt nach e Freideg e bësse méi gënschteg goufen, klammen d’Präisser vu béiden elo eng weider Kéier. Beim Diesel ass et e Plus vu 7,6 Cent de Liter, deen elo 1,856 Euro kascht. De Masutt klëmmt op 1,303 Euro pro Liter, wat e Plus vu 7,9 Cent ass.
De gëtt och de 95er Bensinn méi deier, dat mat 4,8 Cent de Liter. Dëse kascht dann elo 1,702 Cent pro Liter.
Dëst sinn déi héchste Bensinn-, Masutt an Dieselpräisser vun dësem Joer.
