
De Präis fir de beschte Film krut “One Battle After Another”. De satireschen Action-Thriller huet sech géint de Konkurrent “Blood&Sinners” duerchgesat a krut am Ganze sechs Oscaren. Zum Beispill och dee vum beschte Regisseur fir de Paul Thomas Anderson.
Den US-Amerikaner Michael B. Jordan gouf als beschten Acteur ausgezeechent fir seng Duebelroll am Vampir-Horror-Drama Blood&Sinners deen an de Südstaate spillt. De Film war mat der Rekordzuel vun 16 Nominatiounen an d’Präisiwwerreechung gaangen.
Déi iresch Actrice Jessie Buckley krut den Oscar fir déi beschte weiblech Haaptroll. Si hat d’Fra vum William Shakespeare Agnes am Film Hamnet verkierpert.
De Sean Penn gouf fir déi bescht Nieweroll ausgezeechent. Hie war bei “One Battle After Another” dobäi.
Laureatin fir déi bescht Nieweroll ass déi 75 Joer al Amy Madigan. Si krut de Präis fir hir Performance am Film Weapons.
Den norwegeschen Drama Sentimental Value vum Regisseur Joachim Trier ass de beschten internationale Film ginn.
Two People Exchanging Saliva gouf als beschte Kuerzfilm ausgezeechent. D’Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps ass Erzielerin.

De Moderator vun den Oscars, de Conan O’Brien, huet fir d’Ouverture am Dolby Theatre zu Los Angeles vu chaoteschen Zäite geschwat, déi och Angscht maache géifen. D’Oscar-Präisiwwerrechung hätt awer och d’Potential nees Zesummenhalt ze schafen.
Sämtlech Detailer fënnt een och um Site vun den Academy Awards.