Dëse Chiffer gouf e Mëttwoch de Moien op der Pressekonferenz vun der Unicef matgedeelt.

All Joer stierwe 46.000 Jonker duerch e Suicide. Sech selwer d'Liewen huelen ass domadder eng vun de 5 heefegsten Doudesursaache bei Mënschen tëschent 10 an 19 Joer.

Et gëtt geschat, datt an där Alterskategorie ee vu 7 Jonker mental Problemer huet, déi diagnostizéiert sinn. Déi Zuelen nennt d'Unicef an engem internationale Rapport. An engem Complément dozou gëtt och op déi national Situatioun gekuckt.

Mental Gesondheet / Unicef - Reportage Dany Rasqué

Knapp 11.000 Jonker tëschent 10 an 19 Joer liewen no den Estimatioune vun der Unicef zu Lëtzebuerg mat Krankheete wéi Depressiounen oder Angschtzoustänn. Dacks leide se fir sech eleng aus Angscht virun der Stigmatisatioun.

D'Tania ass eng Fra vu 25 Joer, déi decidéiert huet, an d'Ëffentlechkeet ze goen a sech dofir anzesetzen, datt déi mental Gesondheet keen Tabuthema bleift. Si huet zënter 2003 Panikattacken, zënter e Mënsch, mat deem si frou war, virun hiren Aen gestuerwen ass. 11 Joer huet et gedauert, bis si eng Diagnos kritt huet.

"Ech sot als klengt Kand zu menger Mamm: Mama ech hat een Häerzinfarkt. Déi Persoun hat een Häerzinfarkt. Natierlech hat ech keen Häerzinfarkt, dat waren deemools scho Panikattacken, wat ech net wosst bis 2014, wou ech da wierklech bei mäin Hausdokter komm sinn. Ech hat e Bols, wéi wär ech e Marathon gelaf. An dee gesot huet, dat si Panikattacken."

An déi huet d'Tania dacks an der Schoul kritt, am Bus oder Zuch.

Therapien hunn dofir gesuergt, datt et der jonker Fra haut am Alldag besser geet. D'Käschten, déi mat enger Therapie verbonne sinn, sinn dacks e grousse Problem.  Eng vun de Fuerderunge vun der Unicef ass dofir, datt net just de Psychiater, mä och d'Prise en charge beim Psycholog musse rembourséiert ginn. Et ginn awer nach aner Recommandatiounen un d'Politik.

D'Isabelle Hauffels vun der UnicefUnic: "E wichtege Punkt wär den nationalen Aktiounsplang iwwert d'mental Gesondheet auszeschaffen a sech dann och déi néideg Moyene ginn, fir deen dann ëmzesetzen. Dann denke mir awer och, datt et immens wichteg ass, am Beräich vun der Sensibiliséierung ze schaffen, fir nach méi dem Stigma entgéint ze goen a fir d'Leit och méi opzeklären an och besonnesch an de Schoulen".

Géint d'Stigmatisatioun kämpfen, iwwert déi mental Gesondheet schwätzen. Dat muss eng Gesellschaft maachen, seet och de Paul Heber vun der Unicef.

"Et muss eisen Usproch sinn, datt et jidderengem beschtméiglech gutt geet a virun allem, well mir ëmmer iwwer eis Zukunft vum Land schwätzen, muss eis jo un all eenzele Jonke genuch leien, fir datt mir eis dofir asetzen, datt et hinnen individuell beschtméiglech geet, fir datt si och an hirem Liewen eng Kéier eppes kënnen erreechen, datt se eppes kënnen dozou bäidroen, datt mir als Gesellschaft och kënnen no vir kommen."

Depressiounen an Angschtstéierunge bei Kanner a Jonke gëtt et net eréischt zënter Corona - ëmsou méi dringend ass et ze handelen, si kéinten nämlech soss laang Joren ënnert de Konsequenze vu Covid-19 leiden, warnt d'Unicef an hirem Rapport iwwert d'Situatioun vun de Kanner op der Welt.