De Minett wéi fréier

D'Lëtzebuerger Zäitgeschicht ass bei Wäitem nach net opgeschafft. Vill spannend Froe bleiwe bis haut onbeäntwert.
De Lëtzebuerger Fuerschungsstanduert ass an de leschte Jore permanent gewuess. A ville Beräicher kënne Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler hei am Land op der internationaler Bün matspillen.
Wei schonn an de leschte Joren huet de Fonds National de la Recherche kuerz virun Allerhellegen e puer Projeten ausgezeechent mat engem FNR-Award. D'Gewënner weise mer Iech dës Woch an enger Serie vu Reportagen.
Deel 5: De Minett wéi fréier
Eppes ass kloer, de Grand-Duché huet säi Räichtum duerch d'Eisenindustrie kritt a bis haut ass d'Minett-Regioun dovu gepräägt. Vill Erënnerunge si wuel verluer gaangen, villes soll awer och erhale bleiwen. Belval verkierpert d'Geschicht vun der Eisenindustrie zu Lëtzebuerg. Net nëmmen déi al Héichiewe sinn Zäitzeien an engem Quartier, deen haut fir d'Zukunft vum Land steet. Am Projet vum Zenter fir zäitgenëssesch an digital Geschicht gëtt d'Geschicht aus der Perspektiv vu Leit erzielt, déi deemools am Süde vum Land geschafft a gelieft hunn.
Deel 4: Proppere Waasserstoff aus Sonnenenergie
Eng vun de groussen Erausfuerderunge bei der Energietransformatioun ass et, Energie ze späicheren. Eng Méiglechkeet ass hei de Waasserstoff als Späichermedium ze notzen. En italienesche Fuerscher, deen zu Lëtzebuerg seng Dokteraarbecht geschriwwen huet, huet ee Material entwéckelt, wat et ënnert anerem erméiglecht, d'Sonnenenergie ze notzen, fir Waasserstoff hierzestellen. Et ass e Material, wou keng seele Metaller gebraucht ginn, déi schonn ëmmer méi knapp op der Äerd ginn. Notze kéint een dës Technologie, fir mat Hëllef vun der Sonn d'Waassermoleküllen ze splécken a grénge Waasserstoff ze produzéieren. Een Element, dat ëmmer nees genannt gëtt als Energiespäicher.
Deel 3: Kriibstherapie un de Patient upassen
D'Kriibsfuerschung gëtt zu Lëtzebuerg zanter Jore groussgeschriwwen. Scho méi wéi eng Kéier goufe Wëssenschaftlerinnen aus dem Grand-Duché fir Excellenz ausgezeechent. Um Luxembourg Institut of Health huet een e Modell entwéckelt fir d'Therapie vu Gehiertumeure méi un de Patient unzepassen a fir méi séier d' Effikassitéit vu néie Medikamenter ze bestëmmen. Den LIH gouf dofir vum Fonds National de la Recherche ausgezeechent.
Deel 2: De klimafrëndleche Frigo aus Lëtzebuerg
D'Energieversuergung gëtt an den nächste Joren eng vun de gréissten Erausfuerderunge vun der Zäit. Am Portmonnie spiert ee mëttlerweil, wat et heescht, wann d'Energie knapp gëtt. Zu Lëtzebuerg an a ganz Europa ginn Efforte gemaach, fir d'erneierbar Energien auszebauen, gläichzäiteg gëtt an der Fuerschung un der Energieeffizienz geschafft. De Frigo, Klimaanlagen oder elektronesch Geräter méi effikass killen, dat wëlle Fuerscher beim Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaften an Technologië LIST erméiglechen a gräifen dofir op Keramik zréck. Ënnert der Infraroutkamera ka gemooss ginn, wat geschitt, wann d'Plack Stroum ausgesat gëtt. Wéi beim klassesche Frigo wëll een op der enger Säit Killen an op der anere Säit d'Hëtzt fräiginn. E Prototyp gouf dofir um Belval entwéckelt. D'Fuerscher vum List erhoffe sech, datt a ronn 10 Joer dës Modullen och konkret a Frigoen, Klimaanlagen oder aneren elektronesche Geräter kënne genotzt ginn.
Deel 1: Muechtstrukturen am mëttelalterleche Lëtzebuerg
D’Christa Birkel erfuerscht d’Mëttelalter, Si huet hir Dokteraarbecht op der Uni Lëtzebuerg geschriwwen iwwert Herzogtum Lëtzebuerg am Spéitmëttelalter. D’Grofen an d’Herrescher vu Lëtzebuerg waren net ëmmer reng fir dës Gebidder zoustänneg, mä waren och Kinneke vu Böhmen oder Kinneke vum "Hellege Réimesche Räich, Däitsch Nation". Vun 1388 u gëtt Lëtzebuerg ëmmer nees un aner Herrscher ginn. An iwwer 20 Archiven an Europa war d’Fuerscherin ënnerwee, als éischt hei zu Lëtzebuerg. Villes géif et an der Lëtzebuerger Geschicht nach opzeschaffe ginn, grad och iwwert d’Mëttelalter.

© Privat
Weider Deeler an eiser Serie
Deel 5: De Minette wéi fréier
Deel 6: Jonker fir Fuerschung begeeschteren
Deel 7: Erausfuerderunge fir Fuerschung a Chance fir Standuert Lëtzebuerg