Froestonn an der ChamberOpstocke vum Contact-Tracing, gefälscht Impf-Zertifikater a Pensiounsfong

Pierre Jans
Ënnert anerem dat waren d'Sujeten en Dënschdeg wärend der Froestonn um Krautmaart.

De Contact-Tracing muss nees personell opgestockt ginn

Mat den héijen Infektiounszuele stéisst d'Ekipp vum Contact-Tracing aktuell nees un hir Grenzen.

Dat huet d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng Fro an der Chamber vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler confirméiert.

Allerdéngs géifen d‘Kapazitéiten den Ament schonn opgestockt ginn, esou d‘Paulette Lenert. D‘Reservelëschte géifen oftelefonéiert ginn. Allerdéngs hu manner Leit Zäit, well se anescht ewéi wärend dem Lockdown nees schaffen.

Da géifen och eng sëllege Staatsbeamten nees vun hirer eigentlecher Plaz ofgezunn an am Contact-Tracing agesat ginn. Och d‘Arméi géif Personal zur Verfügung stellen, huet d‘Gesondheetsministesch erkläert. D‘Effektiver wären ëm 30 Prozent schonn eropgesat ginn. D‘Paulette Lenert freet och Versteesdemech fir d‘Hotline, déi iwwerlaf ass. Den Telefon géif aktuell quasi onënnerbrach schellen.

Motioun iwwer Booster-Impfung ugeholl

D'CSV huet eng Motioun deposéiert, déi eng Booster-Impfung fir jidderee freet. Der Regierung wär bewosst, dass eng grouss Demande fir eng zousätzlech Dosis vum Vaccin do ass, äntwert d‘Santésministesch Paulette Lenert.

Éier weider politesch Schrëtt decidéiert ginn, wéilt d‘Regierung sech elo mol un den Avis vun de Medezinner halen. Déi recommandéieren aktuell eng Booster-Impfung fir Leit iwwer 65 Joer a fir vulnerabel Persounen.

D‘Ministere wëlle sech dës Woch nach iwwer weider Schrëtt bei de Booster-Impfunge beroden an d'Fro an de Mëttelpunkt stellen: ass et vertrietbar, eng Booster-Impfung fir jiddereen iwwer 12 Joer fräizeginn?

Déi Lénk Deputéiert Nathalie Oberweis ass op alle Fall dogéint, soulaang weltwäit net jiddereen Accès op de Vaccin huet. Déi net-vulnerabel Leit hei am Land sollen hirer Meenung elo mol keng 3. Impfung kënne kréien. No e puer Modifikatiounen, déi den LSAP-Deputéierten Mars Di Bartolomeo proposéiert huet, gouf d'Motioun mat 58 Jo-Stëmmen an enger Abstentioun an der Chamber ugeholl.

De Probleem vu gefälschten Impf-Zertifikater ass bekannt

Der Regierung ass wuel bekannt, dass gefälschte Covid-Zertifikater am Ëmlaf sinn.

Ee QR-Code hätt zum Beispill op der App e gëltege Pass mam Numm vun engem fréieren däitschen Diktator affichéiert, ewéi d‘Paulette Lenert erkläert huet. Dee Code wier um Telegram-Reseau vum Grupp "net-gepickt.lu"‘ zirkuléiert. D‘Regierung huet dat un de Parquet weider ginn. Wéi iwwerhaapt all bekannte Fall vu gefälschten Zertifikater systematesch bei de Parquet kéim, esou d‘Ministesch.

Op d'Fro vun der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen, firwat d‘Lëtzebuerger CovidCheck-Applikatioun gefälschte Certificaten deels net erkennt, huet d‘Paulette Lenert net detailléiert geäntwert. Dacks wieren d‘Fälschunge ganz professionell gemaach.

Lëtzebuerger Pensiounsfong investéiert wuel verstäerkt an nohalteg Projeten

Dat huet de Sozialminister Romain Schneider am Kader vun der Froestonn an der Chamber dem gréngen Deputéierte Charles Margue geäntwert. Deen hat bedauert, dass iwwer de Pensiounsfong nach ëmmer a fossil Energien investéiert gëtt, am Wëssen, dass d'Objektiver aus dem Paräisser Klimaaccord aktuell net erreecht kënne ginn.

Ëm déi 26 Milliarden Euro sinn an der Keess. Domat kéint ee 5 Joer d'Pensiounen bezuelen, ouni nei Kotisatiounen.
Dat wär de Verdéngscht vun den diversen Investissementer, déi iwwer dee Fong gemaach ginn. A mat neie Gestionnairë géifen an Zukunft Zommen a Milliardenhéicht an Nohaltegkeet fléissen, huet de Romain Schneider annoncéiert.

"Et si 4,3 Milliarden Euro, déi de Lëtzebuerger Pensiounsfong vum éischte Semester 2022 u méi wäert an eng Nohaltegkeetsstrategie erabréngen."

D'Gestionnairë vun deene Portefeuillë sinn net nëmmen ugehalen, déi nohalteg Ziler ze envisagéieren, esou de Minister Schneider, mä och duerno ze beweisen, dass se erfëllt goufen.

Back to Top
CIM LOGO