Géint HatespeechVill Politiker vun "Déi Gréng" ginn an de soziale Medien ugegraff

RTL Lëtzebuerg
D'Partei huet e Video op de soziale Medien publizéiert, wou déi eenzel Politiker Tweete géint si virliesen.

An dës ginn zum Deel ganz wäit. Sief et Opruff zum Mord oder zum Haass, sexuell Belästegung oder einfach Beleidegungen, dat entweder géint d'Partei u sech oder geziilt géint eenzel Membere vun der Partei.

"Haass ass am Netz leider Alldag", heescht et am Video vun der Partei, déi dës Campagne lancéiert huet, fir datt d'Leit solle respektvoll mateneen ëmgoen.

Back to Top
CIM LOGO