De Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses schwätzt sech géint eng generell Impfung bei Kanner vu 5 Joer un aus, wat d'Kannerdoktere begréissen.

Corona-Impfung bei Kanner / Reportage Fanny Kinsch

Keng generell Impfung fir Kanner vu 5 Joer un

Nom 13. Dezember kéinten déi éischt Kanner vu 5 Joer u géint Covid-19 geimpft ginn. De Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses schwätzt sech an engem neien Avis net fir eng generell Impfung an där Alterskategorie aus. Vill méi sollte vulnerabel Kanner geimpft ginn, déi riskéiere Komplikatiounen ze kréien, wa si sech mat Covid ustiechen. Donieft recommandéiert den CSMI de Coronavaccin och bei méi jonke Kanner, déi mat enger vulnerabeler Persoun zesummewunnen. Dat fir den Iwwerdroungsrisiko ze reduzéieren. Fir de Rescht ass et an den Ae vun de Gesondheetsexperten zu dësem Ament manner urgent, fir elo séier mat enger globaler Impfcampagne bei de klenge Kanner bis 11 Joer unzefänken. Et géif elo virun allem drop ukommen, datt déi Erwuesse sech a méi engem groussen Ëmfang impfe loossen.

Zanter dem Ufank vun der Pandemie hätt sech nämlech gewisen, datt eng Baisse vun den Infektioune bei den Erwuessenen och systematesch dozou féieren, datt de Virus bei de Kanner manner zirkuléiert.

Den direkte Benefice vun der Impfung bei de Kanner tëscht 5 an 11 ass dem CSMI no, däitlech manner héich wéi bei den Erwuessenen an de Jugendlechen. Mëttelfristeg awer kéint d'Impfung bei de Klengen allerdéngs bedéngt e positiven Impakt op de Reproduktiounstaux hunn, sou den CSMI.

De ganzen CSMI-Bericht HEI noliesen.

Kannerdokter Serge Allard: Kanner missten net geimpft ginn, wa méi Grousser et wieren

Änlech gesäit dat och de President vun de Kannerdokteren. Am RTL-Interview seet de Serge Allard an enger éischter Phas sollten déi vulnerabel Kanner geimpft ginn. Dat wieren zum Beispill Asthmatiker, Diabetiker oder Kanner, déi Kriibs oder Häerzproblemer hunn. Et wier een och frou, datt déi Kanner elo esou kéinte geschützt ginn. Duerno sollen a sengen Aen dann déi Kanner geimpft ginn, déi eng vulnerabel Persoun an hirem Ëmfeld hunn, fir déi vulnerabel Leit nach besser ze schützen.

Extrait Serge Allard (1)

Bei de Kanner ass et vill méi kontrovers wéi bei deene grousse Leit, wéi bei den Adolescenten, well se duerch d'Krankheet net vill betraff sinn. An da freet ee sech, firwat soll ee se dann iwwerhaapt impfen? Da bleift just nach d'Consideratioun, datt et gutt ass, sou vill Leit wéi méiglech an der Populatioun z'impfen, ebe fir déi Herdenimmunitéit do ze kréien. Dat ass natierlech elo schued, datt ee muss eng Impfung maache bei Kanner, déi net vill krank sinn, an dofir si mer als Kannerdokter och elo net immens frou, dass elo op d'Kanner zréckgegraff gëtt, fir déi z'impfen. Déi 20-29-järeg hu sech nëmmen zu 60% zum Beispill impfe gelooss an do misst een nach eng Kéier nohaken.

Viraussiichtlech am Fréijoer kéint een ufänken, och déi aner Kanner z'impfen. D’Pediatere géingen awer sécher keen Drock op d’Eltere maachen, fir dës Kanner z'impfen, well si och manner krank ginn. De President vun der Gesellschaft fir Pediatrie appelléiert un déi Erwuessen, déi sech bis elo nach net geimpft hunn, fir dat ze maachen, da wier och manner Drock op de Kanner. Méi wichteg wier et, datt méi Erwuessener sech impfe loossen.

Extrait Serge Allard (2)

Ech mengen, mir hätten de Kanner dat kënnen erspueren, wa méi Grousser sech géifen impfe loossen. Wann all déi, déi an der Strooss blären "Schützt eis Kanner" an déi selwer net sech impfe loossen, da kënne se sech selwer mat der Nues huelen, well wat méi Grousser geimpft sinn, wat d'Kanner och manner krank sinn. Dat huet een och gesinn an Etüden, déi an Amerika gemaach goufen, a Stied, wou net vill Grousser geimpft waren, waren d'Kanner och vill méi krank a méi hospitaliséiert.

Kanner vu 5 bis 11 Joer inclus kréien den Impfstoff vu Biontech/Pfizer, awer nëmmen en Drëttel vun enger Dosis vun den Erwuessenen. De Serge Allard huet dofir plädéiert, datt d'Kanner och solle kënnen an den Impfzenter geimpft ginn, well d'Pediater sou scho vill Undrang hätten, mat verschiddene Viren, déi aktuell zirkuléieren. Hie géing a senger Praxis och all Dag Kanner gesinn, déi Covid hätten, déi wieren awer meeschtens asymptomatesch oder hätte liichten Houscht oder Kappwéi, awer keng schlëmm Symptomer.