Max Hengel, Carlo Weber an Dan Kersch goufe vereedegt
De Max Hengel ass fir d’CSV am Osten nogeréckelt. D’Françoise Hetto war zréckgetrueden.
De Max Hengel ass de fréie Buergermeeschter an aktuelle Schäffe vu Wuermer. Hien huet 16 Joer laang an der CSV-Fraktioun geschafft.
De Carlo Weber, LSAP, ersetzt de Claude Haagen als Nord-Deputéierten. De fréieren Dikrecher Deputé-Maire ass jo ewell Landwirtschafts- a Sécurité-Sociales-Minister. De Carlo Weber huet 27 Joer laang bei Ponts et Chaussées geschafft.
Als 3. neien Deputéierte gouf en Dënschdeg och den Dan Kersch vereedegt, fréiere Minister an LSAP-Vizepremier. Als Regierungsmember war den Dan Kersch zréckgetrueden, hie bleift awer als Süd-Parlamentarier an der Chamber.
D'nächst Woch, den 19. Januar, kënnt et zu engem weidere Wiessel. D'Jessie Thill réckelt da fir de Carlo Back vun déi Gréng no. Mat 25 Joer wäert si dann déi jéngsten Deputéiert an der Chamber sinn.