An Zukunft soll keng Pub méi automatesch an der Bréifboîte landen
Den Ament waart een nach op den 2. Avis vum Staatsrot, duerno kann de Gesetzesentworf an der Chamberskommissioun gestëmmt ginn.
Wéini dat neit Gesetz a Kraaft trëtt, steet nach net fest. Gewosst ass awer, dat sollt Ufank dës Joers sinn, sou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Zil ass et, mat der neier Reegelung e weidere Schrëtt a Richtung Ressourcen- a Klimaschutz ze maachen an dem Consommateur nees méi Stëmm ze ginn.
Mat der neier Reegelung am Offallgesetz wëll een de Spiiss ëmdréien an dem Consommateur bei der Pub-Verdeelung eng Stëmm ginn. "Bis elo misst ee sech géint Publicitéit, déi dacks kiloweis an der Boîte lant, wieren. An Zukunft solle just nach déi Leit Pabeier-Reklamme geschéckt kréien, déi déi och tatsächlech wëllen", sou d' Ëmweltministesch. Konkret heescht dat: Datt een da kee knallgiele "Keng-Reklamm"-Sticker méi brauch, mä datt een dann automatesch keng Pub méi kritt. A wann ee Pub wëll, muss een dat explizitt op déi Bréifboîte uginn.
Mä wat genau gehéiert an d'Kategorie "Reklamm"?
Betraff vun dësem Gesetz si ganz einfach "Werbungen", déi ee kommerziellen Zweck hunn. Wéi zum Beispill d'Pub vun de Supermarchéen a Geschäfter. Oder och d'Menü-Kaarte vu Restauranten a Baren. Donieft gëllen och Flyeren, op deene verschidde Servicer ugebuede ginn, als Reklamm.
Zeitungen a Magasinnen dogéint si keng Pub, esouguer, wa kommerziell Annoncen dran ze fanne sinn. Och keng Reklamme si beispillsweis Informatiounsblieder vun der Politik, der Santé oder der Gemeng, esou wéi Flyeren iwwert Asblen an ONGen oder och Eventer.
Wéi dës Reegelung duerno ëmgesat gëtt, wéi et konkret op de Boîtte wäert ausgesinn a wien déi nei "Ech wëll Reklamm"-Stickere wäert ausdeelen, dat ass den Ament nach net gewosst.
Den neie Gesetzesentworf gesäit iwwerdeems och vir, datt Betriber, déi sech net un déi nei Obligatioun halen, a Pub an déi falsch Bréifboîtte geheien, mat enger Amende vu 25 Euro bis 10.000 Euro kënne bestrooft ginn.
Kontrolléiere soll dat ënnert anerem d'Police an d'Douane, esou wéi och Agente vun der Ëmweltverwaltung, déi als Officier de Police judiciaire vereedegt gi sinn.