
An dëser Propositioun geet et ëm d’Organisatioun vum Staat: Méi genau ëm d’Staatssymboler, d’Regierung an hir Memberen, ëm d’Relatioun tëscht Staat a Glawensgemeinschaften an ëm d’Roll vum Grand-Duc. Dat éischt Reformkapitel wat d’Justiz betrëfft war jo schonn Enn Oktober mat de Stëmme vun der Majoritéit souwéi och vun der CSV an de Piraten ugeholl ginn.
D’Constitutioun definéiert den Opbau vum Staat an organiséiert de Fonctionnement vu sengen Institutiounen. Eng Moderniséierung vun der Verfassung ass néideg ginn, wëll dës aus dem Joer 1868 ass an der haiteger Zäit muss ugepasst ginn. Déi geplangte Reform vun der Constitutioun betrëfft véier Voleten, déi an de leschte Joren ausgeschafft goufen.
De 25. Januar gëtt iwwert d’Kapitel vun der Organisatioun vum Staat ofgestëmmt. An dësem heescht et, datt Staatsymboler wéi déi lëtzebuergesch Sprooch, d’Nationalhymn oder de Fändel an d’Verfassung sollen opgeholl ginn. Och vun “europäescher Integratioun” ass rieds, dat als Suite vum Bäitrëtt vu Staaten an d’EU, heescht et. Mat engem Walrecht fir Net-Lëtzebuerger bei de Chamberwalen, hunn d’Adaptatiounen awer näischt ze dinn.
D’Roll vum Grand-Duc soll dann och um Pabeier der haiteger Realitéit entspriechen. Heescht, de Staatschef exerzéiert den Executivpouvoir zesumme mat der Regierung an d’Chamber eleng huet de legislative Pouvoir. Doriwwer eraus ginn d’Reegele fir d’Trounfolleg festgehalen. Och déi nei Administratioun, also d’Maison du Grand-Duc, déi virun 3 Joer gegrënnt gouf an d’finanziell Ressourcë fir de Staatschef reegelt, ass an de Propositioune fir d’Reform ze fannen.
Eng Rei Missiounen, déi d’Regierung haut schonn erfëllt, sollen dann och an den neien Text stoe kommen. Sou zum Beispill, datt de Premierminister fir eng konstant eenheetlech Linn an der Regierungsaarbecht suergt. Moderniséiert ginn, muss och de Punkt vun der Immunitéit an der Responsabilitéit vun de Membere vun der Regierung. Aktuell steet do just, datt d’Membere sech musse veräntwerten.
Doriwwer eraus gëtt am Refomkapitel d’Trennung vu Kierch a Staat definéiert a gesetzlech gereegelt.
Fir d’Kapitel “Organisatioun vum Staat” de Mëtteg ze votéieren, ass eng 2/3 Majoritéit néideg. Fir all Revisioun vun der Constitutioun mussen et zwee separat Votte ginn, tëscht deene minimum 3 Méint musse leien. Ass och deen 2. Vott positiv, gëtt den neien Text bannent 3 Méint vum Grand-Duc ënnerschriwwen, an dono am “Journal officiel” publizéiert. 6 Méint no der Publikatioun trëtt en a Kraaft.
2 weider Reformakapitelen, iwwer déi nach muss ofgestëmmt ginn, befaasse sech mat de Rechter a Fräiheete vun de Bierger an de Staatsziler, souwéi mat der Chamber an dem Staatsrot.