Decouverte vu geféierlecher Substanz zu LëtzebuergOch scho syntheetesch Cannabinoiden op anere Plazen an Europa entdeckt

Fanny Kinsch
An engem CBD-Buttek an der Stad krut ee bis viru Kuerzem e Produit ze kafen, deen illegal ass – als THCA gouf de Cannabis-Produit vermaart.
Decouverte vu geféierlecher Substanz zu Lëtzebuerg
An engem CBD-Buttek an der Stad krut ee bis viru Kuerzem e Produit ze kafen, deen illegal ass – als THCA gouf de Cannabis-Produit vermaart.

Wéi sech bei Analysen erausgestallt huet, waren d’Bléien doriwwer eraus mat syntheetesche Cannabinoide versat, déi gesondheetlech Risike mat sech bréngen. “Silver Haze THCA” krut e Journalist vun RTL Today an engem Automat an der Stad ze kafen – dobäi ass THCA zu Lëtzebuerg illegal, wéi de Gesondheetsministère op Nofro präziséiert. THCA kann nämlech psychoaktiv ginn, esou de Carlos Paulos, Direkter vun der Sozialbildungsassociatioun 4motion.

“Et ass eng natierlech Moleküll, déi an der Planz och present ass, déi u sech psychoaktiv ass oder gëtt, wa se consomméiert gëtt, respektiv erhëtzt gëtt, a sech an THC ëmwandelt an dann och änlech Wierkungen huet.”

Testresultater weisen op Risiken hin
Geféierleche syntheetesche Cannabinoid an offiziell verkaaftem Cannabis zu Lëtzebuerg fonnt

Am Service “Pipapo” vun der Asbl 4motion kann een Drogen teste loossen, fir erauszefannen, wat genee dran ass. Esou soll de Konsum méi sécher ginn. Am Cannabisproduit aus dem CBD-Buttek goufe syntheetesch Cannabinoide fonnt. Déi si geféierlech, well een net genee weess, wéi se wierken, an se 10 bis 100 mol méi staark si wéi natierleche Cannabis. An déi syntheetesch Cannabinoide goufen och an anere Prouwe vu Consommateure fonnt.

“Mir hate scho besuergte Leit, déi bei eis komm sinn, fir dann hiren Echantillon testen ze loossen, also wéi och kommunizéiert, Schwindelufäll, also en État de malaise, also dass engem schlecht ass, a mir hate bei eenzel Berichter vu Konsumenten d’Wierkungen, déi bis zu 48 Stonnen ugehalen hunn. A voilà, de Leit geet et da wierklech schlecht.”

Net déi éischte Kéier, datt syntheetesch Cannabinoiden an Europa entdeckt goufen

D’Produite koume vu verschiddene Verkafspunkten zu Lëtzebuerg, esou de Carlos Paulos vu 4motion, an och aus den Nopeschlänner. Am Austausch mat änleche Servicer am Ausland hätt een erausfonnt, datt déi selwecht syntheetesch Cannabinoide schonn op e puer Plazen an Europa entdeckt goufen.

Wéi et dozou komme konnt, datt ee mat där geféierlecher Substanz versate Cannabisproduiten och an engem Automat vun engem autoriséierten CBD-Buttek ze kafe krut, dat bleift ze klären. Op Nofro heescht et vun der Entreprise, et géing een net wëssentlech illegal Substanze verkafen an Onreegelméissegkeeten iwwerpréiwen. D’Verkafspunkte goufe mëttlerweil zougemaach.

De Service Pipapo réit iwwerdeems staark dovunner of, mat syntheetesche Cannabinoide versate Cannabisproduiten ze consomméieren - op pipapo.lu fënnt een Informatiounen iwwert den Drug testing.

Back to Top
CIM LOGO