
Den déi Lénk-Politiker Marc Baum bleift Gemengeconseiller zu Esch. Dat hunn déi Lénk Esch e Freideg op enger Pressekonferenz annoncéiert an duerno per Schreiwes matgedeelt. Och zu Diddeleng géingen déi Lénk net rotéieren, esou dass d’Parteispriecherin Carole Thoma do am Gemengerot bleift, heescht et iwwerdeems um Radio 100,7.
An der Chamber gëtt wéi gewinnt rotéiert, do ginn de Marc Baum an den David Wagner am Hierscht vum Gary Diderich a vun der Ana Coreia ofgeléist. De Marc Baum hat dës Woch nach am Interview hei op der Antenn widderholl, dass hie kee Fan vum Rotatiounsprinzip vu senger Partei wier.