E Samschdeg de Moien war zu Veianen de Landeskongress vun der LSAP. De Krich an der Ukrain war och hei Thema.

D'LSAP huet eng Duebelspëtzt. Déi zwee Deputéiert Francine Closener an Dan Biancalana iwwerhuelen d'Leedung vun der sozialistescher Partei. Si goufen e Samschdeg de Moien um Landeskongress vun der LSAP mat 92 Prozent, respektiv 96 Prozent op déi Poste gewielt. Géigekandidature fir d'Parteipresidence war et allerdéngs net ginn. D’Co-Presidence wier e weidere Schrëtt a Richtung Gläichberechtegung vu Mann a Fra, esou de Generalsekretär Tom Jungen virum Vott.

D’Partei positionéiert sech dann och kloer géint de Krich a verurteelt déi russesch Invasioun an der Ukrain. Et stéing een hannert dem Ausseminister Jean Asselborn. Deen huet um Partei-Kongress däitlech Wierder fonnt; de Krich wier mat diplomatesche Mëttelen net méi opzehalen. Optimistesch weist sech den Ausseminister bei der Gestioun vun de Flüchtlingen: "Mir wäerten dat fäerdeg bréngen."

Och d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet d’Thema opgegraff: Et hätt ee Situatioun ënnerschat, a vläicht ze laang nogekuckt. En vue vun de Flüchtlinge misst präventiv gehandelt ginn, ma wéi déi Handlung konkret soll ausgesinn, blouf e Samschdeg de Moien op. Am Sall si Plakater an de Faarwe vun der Ukrain an d’Luucht gehale ginn, fir sech solidaresch ze weisen. D’politesch Visioune fir Lëtzebuerg gerode bal an den Hannergrond. Wéinst der héijer Inflatioun misst een "Aide verdeelen, wou et nëmme geet", esou d’Gesondheetsministesch. Et wiert ee sech géint de Reproche, Suen "mat der Strenz" ze verdeelen, ma et wéilt ee cibléiert hëllefen an och de Betriber ënnert d’Äerm gräifen. Dozou gouf et awer och keng Prezisiounen.

Zu Lëtzebuerg gesinn d’Sozialisten d’Prioritéiten ënnert anerem bei der Logementskris, der Reform vun der Grondsteier, dem Klimawandel an der Educatioun, esou den Interimsparteipresident Dan Biancalana. Et reprochéiert een dem Educatiounsminister Claude Meisch, d'ëffentlech Schoulen ze privatiséieren. Luef gëtt et fir déi eege Ressorte Santé an Ekonomie. Et wier ee gutt duerch d’Pandemie komm an déi gefaarte Faillitte wieren ausbliwwen.