
Wéi déi däitsch Police en Donneschdeg de Moie matdeelt, war de Mann virdru mat engem Reesbus iwwer Lëtzebuerg an Däitschland agereest. De Beamte vun der Bundespolizei géigeniwwer hat hien an engem éischte Moment probéiert, sech mat gefälschten hollänneschen Dokumenter auszeweisen.
Duerch eng Iwwerpréiwung vun de Fangerofdréck huet sech dunn awer gewisen, datt hien a Wierklechkeet e gesichten 28 Joer ale Kriminelle wier. Nieft engem Internationalen Haftbefeel aus der Tierkei wéinst Eegentums- a Gewaltdelikter gouf et géint den Tierk och ënnert anerem nach een Ermëttlungsverfaren an Däitschland wéinst Kierperverletzung.
Hie gouf dem Riichter presentéiert a koum an de Prisong. Géint de Mann goufen ausserdeem och nach Ermëttlunge wéinst der illegaler Arees an Dokumentefälschung ageleet.