Laang an ustrengend Stonnen an DeegLëtzebuerger Bus mat ukrainesche Flüchtlingen ass zu Käerjeng ukomm

Tim Morizet
D'RTL-Reporterin Annick Goerens war mat engem Bus ënnerwee an Direktioun polnesch-ukrainesch Grenz. De Konvoi ass nees zeréck, mat Ukrain-Flüchtlingen.
Bus mat ukrainesche Flüchtlingen zu Käerjeng ukomm
D’RTL-Reporterin Annick Goerens war mat engem Bus ënnerwee an Direktioun polnesch-ukrainesch Grenz. De Konvoi ass nees zeréck, mat Ukrain-Flüchtlingen.

Zanter dem zweete Weltkrich ass et déi Flüchtlingskris an Europa, wou a kuerzer Zäit am meeschte Leit bäikommen. Dat soen d’Vereenten Natiounen, déi dervun ausginn, dass annerhallef Millioun Mënschen d’Ukrain bis elo verlooss hunn.

Och Lëtzebuerg stellt sech op ee grousse Flux vu Refugiéen an.

Dir wëllt spenden oder Flüchtlingen ophuelen? Hei klicken, fir méi Detailer.Et probéiert een d’Leit mat privaten Transporter, awer och mat Hëllef vun Organisatiounen an d’Land ze kréien, wat net ëmmer einfach ass. Mir hunn déi lescht Deeg een esou Transport begleet an dee Bus ass e Sonndeg den Owend no enger laanger an ustrengender Faart zu Käerjeng ukomm.

Den Tim Morizet war den Owend bei der emotionaler Arrivée dobäi.

Déi russesch Forcen äntweren op déi ukrainesch Resistenz, andeems se virun allem méi staark-populéiert Regiounen ugräifen. D’Konsequenz dovu gesäit een och hei zu Lëtzebuerg. Wéi dëse Bus vun der ASBL Slava Ukrayini, wäerten, déi nächst Deeg a Wochen weider Transporter mat Leit aus dem Krichsgebitt zu Lëtzebuerg ukommen.

Besonnesch op der Rees vun dësem Bus mat 20 Passagéier konnt een déi lescht Deeg mat féiweren, op der Rees dobäi war nämlech d’RTL-Journalistin, Annick Goerens.

Dat Lescht wat mir vun hir héieren hunn, wat de Moment, wou de Bus an de rumänesche Karpaten ënnerwee war. Ma dat war virun 2 Deeg. Wat war geschitt a wou kommen d’Leit aus der Ukrain elo ënner?

En Deel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg ukommen, kommen effektiv bei Familljen ënner, en aneren Deel am Shuk, der Structure d’hébergement d’urgence um Kierchbierg.

Wéi eis d’Croix-Rouge a Caritas nach eng Kéier confirméiert hunn, koume bis ewell eng 500 Messagen eran, mat Offere fir Logementer. 90% vun dëse Leit krute bis ewell eng Äntwert. Iwwert déi nächst Wochen soll do och mam ONA – dem Office national de l‘accueil - vermëttelt ginn.

Den Tim Morizet bei der Arrivée vun ukrainesche Flüchtlingen
Mir hunn déi lescht Deeg e Flüchtlingstransport begleet an dee Bus ass e Sonndeg den Owend no enger laanger an ustrengender Faart zu Käerjeng ukomm.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert
RTL-Artikel (2.3.2022): “Hëllef gebraucht": Lëtzebuerger Bus ënnerwee un d’Grenze mat der Ukrain
RTL-Artikel: Enorm grouss Demande fir Flüchtlingstransport op Lëtzebuerg
RTL-Artikel: Arrivée op der polnesch-ukrainescher Grenz
Hëllef aus Lëtzebuerg: Problemer un der rumänescher Grenz: Ambassadrice muss sech aschalten

Back to Top
CIM LOGO