Problemer un der rumänescher Grenz: Ambassadrice muss sech aschalten
D'RTL-Reporterin Annick Goerens souz en Donneschdeg nees an engem Bus an Direktioun polnesch-ukrainesch Grenz a suivéiert d'Hëllefsaktioun.
Duercherneen, Verzweiwlung, Angscht a Resignatioun. Dat ass dat, wat ee fillt a gesäit, wann ee sech dëser Deeg um ukrainesche Grenzgebitt ophält. Eis Reporterin Annick Goerens war en Donneschdeg den Owend un der polnesch-ukrainescher Grenz an ass aktuell schonn a Rumänien, och un der ukrainescher Grenz. An déi lescht 12 Stonne ware komplizéiert.
Komplizéiert, chaotesch an natierlech net esou geplangt, dat kann ee effektiv soen. Op de Grenze mat Krichsgebidder - dat si keng Plazen, op deenen ee laang bleift an op deenen alles esou geet, wéi ee mengt. Dat weess een an deementspriechend bréngt ee genuch Gedold mat. En Donneschdeg am fréien Owend ass de Bus mat de Flüchtlingen, déi et a Polen gepackt haten, un der polnesch-ukrainescher Grenz ukomm, net wäit vum ukrainesche Rava Rus'ka. Vun do aus ass et du laanscht déi ukrainesch Grenz erof an d'Slowakei an dunn duerch Ungarn gaangen. De Plang war, fir e Freideg de Moie géint 5 Auer iwwert déi rumänesch Grenz ze fueren, wourauser awer näischt ginn ass.
Den éischten klenge Grenzposte war mat Bëtongsbléck gespaart, esou datt de grousse Bus op enger klenger Landstrooss huet missten ëmdréinen an op en anere Grenzposte fueren. Beim grousse Grenzposten dunn hunn d'Problemer awer eréischt richteg ugefaangen.
Rumänien ass zwar een EU-Memberstaat, mä ass net Deel vum Schengen-Accord an deementspriechend ass dat mat der "libre circulation" net esou einfach. A grad och nach am aktuellen Krichskontext si bal all d'Grenzposten, ausser déi grouss, gespaart. Déi 13 ukrainesch Flüchtlingen, déi mat u Bord vum Bus sinn, si laut den Douanieren de Problem, fir iwwert d'Grenz ze kommen. D'Leit un der Grenz fäerten, dass de Bus mat den Ukrainer an d'Land fiert an awer ouni si Rumänien nees verléisst. Fazit: De Bus dierf net iwwert d'Grenz.
Eis Journalistin, déi mat u Bord ass, huet doropshin doropshin een Tweet gemaach an deem stoung, dass de Bus blockéiert wier an dat bannent der Europäescher Unioun.
Den Equipage vum Bus huet dunn decidéiert, fir op der ungarescher Säit, wou een aktuell ënnerwee ass, no engem Hotel ze sichen, wou een déi 13 Ukrainer kéint loossen, fir a Rumänien eranzekommen, fir nach aner Leit sichen ze goen. De Problem awer, an där Géigend, wou de Bus grad ënnerwee ass, ginn et keng Hoteller. No e bësse Sich konnt awer en "Guesthouse" fonnt ginn an nodeem de Besëtzer d'Situatioun erkläert krut, huet hien déi 13 Mënschen opgeholl, ouni emol dofir Suen ze froen. D'Solidaritéit, déi den Equipage am Bus iwwerall gesinn huet an och ze spiere kritt, ass enorm. Dat mécht Courage an hëlleft trotz der Middegkeet awer weider ze probéieren.
An Tëschenzäit ass een nees mat engem eidele Bus ënnerwee zeréck op déi ungaresch-rumänesch Grenz. Ma nees ginn et Problemer, zum Gléck huet sech antëscht déi rumänesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg ageschalt. D'Livia Rusu huet den Tweet vum Annick Goerens op de soziale Medie gesinn an de Grenzposte kontaktéiert. Dësen Zoufall war déi grouss Chance, well no iwwer 4 Stonne waarden, huet een de Bus dunn eriwwer gelooss.
E Freideg an der Mëttesstonn ass de Bus also ënnerwee an de rumänesche Karpaten, wou Schnéi läit. Et ass däitlech méi kal a virun allem ass Rumänien e Land mat vill manner ëffentlechen Infrastrukturen a Moyenen. Zil ass e Klouschter un der rumänesch-ukrainescher Grenz, wou de Recht vun de Flüchtlinge soll opgeholl ginn. Et bleift ofzewaarden, wat op dësem Wee nach alles passéiere kéint.