
E Sonndeg am spéide Nomëtteg gouf der Police eng Fra gemellt, déi op enger Tankstell zu Mäerzeg eng Hondsstatu geklaut hat. Éischten Informatiounen no huet d’Bäifuererin vun engem Gefier, deem säi Chauffer grad den Auto getankt a bezuelt huet, déi dekorativ Figur matgeholl, ouni dofir ze bezuelen.
Weider Ermëttlungen hunn erginn, datt déi verdächteg Fra och zwou Posche geklaut hat.
D’Fra konnt allerdéngs kuerz drop ugehale ginn. Déi geklaute Géigestänn goufen dem rechtméissege Besëtzer iwwerginn, op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll opgestallt.