
D’Situatioun am Noen-Osten an d’Konsequenzen dovunner, dat wäert um Méindeg den Haaptsujet vun den EU-Ausseminister zu Bréissel sinn. D’international Situatioun wier leider net amgaang ze deeskaléieren an dofir wier hien éischter besuergt. Dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel bei senger Arrivée um Méindeg de Moien an der belscher Haaptstad.
Op d’Warnung vum US-President Trump, d’NATO misst den USA zur Säit stoen, fir d’Strooss vun Hormus an den Transport vu Pëtrol ofzesécheren, sot hien:
“Ech mengen net, datt den Donald Trump Doudegriewer vun der NATO wëll sinn. An e soll och net vergiessen, datt mer vill bei em bestellen. De Moment huet Europa esou vill Verspéidung, datt mer säi beschte Client sinn. Et ass schonn am Interessi vun den USA d’NATO bäizebehalen an net ze begruewen.”
Et misst ee kucken, wéi een d’Mieresstrooss Hormus kann ophalen, huet d’EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas betount. Et ass ëmmerhin eng vun de wichtegste Routë fir de weltwäiten Handel vu Pëtrol, huet och déi däitsch Ministesch Katherina Reiche um Méindeg de Moien ënnerstrach.
D’Hausse vun de Präisser duerch den Iran-Krich sinn ee vun de Sujete bei der Reunioun vun den EU-Energieministeren och dëse Méindeg zu Bréissel:
“Wir haben in Europa kein Mangel an physischem Import. Wir beziehen relativ wenig Öl aus den Golfstaaten. Wir beziehen de facto kein LNG aus den Golfstaaten. Aber andere Regionen, und das führt zu diesen extremen Preisaufschlägen. Sollte dieser Krieg andauern, haben wir Verwerfungen in der weltweiten Konjunktur. Und das können wir uns nicht leisten.”
Fir Lëtzebuerg ass de Wirtschafts- an Energieminister Delles op där Reunioun.