Projet IrgäertchenVill Froen ëm geplangte Flüchtlingsstruktur

RTL Lëtzebuerg
Et ass keng nei Problematik, zu Lëtzebuerg feelt et u Strukturen, fir Refugiéen opzehuelen. Um Cents soll e Site fir bis zu 685 Persounen entstoen.
Vill Froen ëm geplangte Flüchtlingsstruktur um Cents
Et ass keng nei Problematik, zu Lëtzebuerg feelt et u Strukturen, fir Refugiéen opzehuelen. Um Cents soll e Site fir bis zu 685 Persounen entstoen.

Hanne beim Centser Waassertuerm, tëscht der Autobunn, der Landepist vum Findel, engem Entrepreneur Depot an dem Rond-point Irgäertchen sollen d’Flüchtlingsstrukture vum sougenannte “Projet Irgäertchen” hikommen. D’Situatioun ass alles anescht wéi ideal, fannen d’Interesseveräiner vun de Quartiere ronderëm.

D’Nadine Molitor, Presidentin vum Interesseveräin Cents: Mir si bal op der Landepist, déi Fligere sinn op maximal 150 Meter Héicht. Mir hunn eng Autobunn, déi permanent Kaméidi mécht. Also fir déi Leit, déi dohinner kommen an déi vläicht Schreckleches erlieft hunn, ass dat keng agreabel Situatioun.

Engem Dokument vun der Chamber no kéime 4 Strukturen op de Site. D’Shuk, déi jo u sech Leit an der Dublin-Prozedur en Iwwerdaach gëtt an déi aktuell an de Foireshalen ass. Eng Noutstruktur, eng Struktur fir Leit, déi ausgewise ginn, an eng Struktur mat verstäerkte Sécherheetsmesuren. Ënner anerem nach 6 Klassesäll, Sportinfrastrukturen, medezinesch Betreiung an administrativ Gebaier. Mam Personal eng 750 Persounen, schätzt d’Nadine Molitor. Dat wiere méi wéi 10% vun den Awunner vum Cents. Gëtt d’Presidentin ze bedenken.

D’Interesseveräiner hate schonn 2020 e Bréif un den Ausseministère geschéckt, fir Detailer iwwer de Projet Irgäertchen ze kréien. Et géifen nach keng Detailer, huet et deemools an der Äntwert geheescht. Et koum och ni méi eppes no. Elo hunn d’Quartieren eng urgent Reunioun mat der Stater Buergermeeschtesch ugefrot, fir Prezisiounen ze kréien. D’Lydie Polfer verweist weider un den Ausseministère. Schwätzt vun enger Iddi, si hätt nach kee Projet virgestallt kritt. D’Stater Buergermeeschtesch deelt awer d’Bedenken. D’Plaz wier net ideal, fir do länger Zäit Leit wunnen ze doen, an déi Konzentratioun wier net gutt an net wënschenswäert. Do géif een e Ghetto provozéieren.

Bâtiments Public wären amgaang, de Projet konkret auszeschaffen, sot den Ausseminister Jean Asselborn am RTL-Interview. Geplangt sinn effektiv déi beschriwwe 4 Strukturen.

Jean Asselborn, Lëtzebuerger Ausseminister: Mir musse jo Raum hunn, wann eppes geschitt, datt mer schnell kënne reagéieren, dat heescht net, wann d’Plaz do ass, datt déi voll ass. Mee mir musse se zur Verfügung hunn.

Amplaz vun engem grousse Site proposéieren d’Interesseveräiner vum Cents a ronderëm méi kleng dezentraliséiert Projeten, wéi d’Haus 1 zu Hamm, virzegesinn. Dozou riskéiert et awer net ze kommen. Op enger zentraler Plaz wär d’Organisatioun, wéi beispillsweis d’medezinesch Versuergung oder de Catering, méi einfach, esou den Ausseminister.

Mir sinn elo op 18 Plazen am Land an dir musst Iech virstellen, wat dat och en Opwand u Leit ass, fir dat ze managen. Also ech gesinn net, dass déi Struktur, déi mer do schafen, datt dat eng Iwwerbelaaschtung soll sinn, dat gesinn ech net.

Et gëtt warscheinlech keng ideal Plaz, fir esou Flüchtlingsstrukturen hinzebauen, esou nach de Jean Asselborn. Et wier awer kloer, datt d’Land dës Strukturen an Zukunft bräicht. Hie wär bereet, sech de Froen a Suerge vun de Leit ze stellen. D’Interesseveräiner waarden op e Rendez-vous.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO