Mat engem Messer menacéiertE Fall vun haislecher Gewalt tëscht enger Koppel zu Déifferdeng

Andy Brücker
D'Police huet eng Persoun musse verhaften.

E Sonndeg am Nomëtteg krut d’Police e Fall vun haislecher Gewalt tëscht enger Koppel zu Déifferdeng gemellt. Éischten Informatiounen no wier de presuméierten Täter handgräiflech géintiwwer senger Partnerin ginn an hätt dës och mat engem Messer menacéiert.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann verhaft an hat um Méindeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO