
E Sonndeg de Moie gouf an e Buttek an der Groussgaass zu Ettelbréck agebrach. Éischten Informatiounen no waren zwee Brigangen hei aktiv. Bei der Enquête konnt net wäit ewech eng Keess mat Mënze fonnt ginn. Déi krut de Besëtzer vum Buttek zeréck.
Keen Erfolleg haten Abriecher dann zu Duelem “am Paerchen”. Hei goufe se nämlech vun der Awunnerin gestéiert, wéi se duerch d’Kichefënster an d’Haus agebrach waren. D’Täter hu sech direkt duerch de Stëbs gemaach.
An der Nuecht op e Sonndeg gouf zu Waasserbëlleg an der Grand-Rue en accidentéierten Auto gemellt. Deen hat virdrun e Bam beschiedegt. Den Alkoholtest bei der Fuererin war positiv a si krut de Fürerschäin ofgeholl.
An der Nuecht op e Méindeg ass enger Policepatrill en Auto zu Pëtschent opgefall, well dee matten op der Strooss stoe bliwwen ass, éier en am ZickZack weidergefuer ass. De Mann gouf kuerz drop gestoppt a kontrolléiert. Och hei war den Alkoholtest positiv an e provisorescht Fuerverbuet war d’Konsequenz.