D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg demissionéiert an der Suite vun der Gaardenhaischen-Affär. Si huet dat um 11.30 Auer op enger Pressekonferenz deklaréiert, dat nodeems de Parquet général an de Stater Parquet hir Instruktioun - d’Enquête - an där Affär ofgeschloss hunn. Déi zwou Instanzen hunn e Rapport un de President vun der Chamber weidergeleet, well eleng d’Chamber de Pouvoir huet, fir e Regierungsmember unzekloen.
D’Carole Dieschbourg hat kuerz no der Nouvelle um Freideg de Moien dann och perséinlech matdeele gelooss, datt d’Ophiewe vun hirer Immunitéit « dee richtege Wee » ass. Nëmmen iwwert dee Wee kéinten hir Erklärungen mat an d’Enquête afléissen. Elo huet si wéi gesot, awer hir Demissioun ugekënnegt. Si wéilt net, dass d’Chamber nach emol mat där ganzer Affär befaasst géif ginn, dofir géif se dann elo dee schwéiere Schrëtt goen.
D’Affär geet op d’Joer 2019 zeréck: deemools war ee gewuer ginn, datt den deemolege grénge Buergermeeschter vun Déifferdeng Roberto Traversini ënnert anerem ouni Autorisatioun u sengem Gaardenhaische schaffe gelooss huet. Hien hat an der Suite vun der Affär demissionéiert.

Géint déi gréng Ëmweltministesch gouf a gëtt et awer nach de Verdacht, datt hir Verwaltungen de Roberto Traversini bevirdeelegt hätten, andeems nodréiglech Autorisatiounen erausgaange kéinte sinn. D’Carole Dieschbourg huet dat deemools an der Chamber ofgestridden. Sämtlech Kontrollmechanismen hätte fonctionéiert a strofrechtlech wier et un der Justiz dat z’iwwerpréiwen.
De Büro vun der Chamber ass iwwregens an dëse Minutte beieneen. Hei sëtze Vertrieder vun de 7 Parteien an der Chamber.
De gréngen Energieminister Claude Turmes iwwerhëlt iwweregens d’Mandat vum Carole Dieschbourg am Interim. Et wäert awer nach e komplett neie Regierungsmember vun deene Grénge genannt ginn.