D’ASBL verlaangt, datt d’Chamber de Code Pénal esou reforméiert, datt Prisongsstrof och just da gesprach gëtt, wann et wierklech néideg wier.

Donieft soll an hiren Aen e "Juge d’application des peines agefouert ginn, fir de Strofvollzuch ganz onofhängeg vum Parquet ze maachen. "Eran, eraus an elo" kritiséiert donieft, datt eng Spidolswäscherei, eng privat Firma zanter Jore Prisonéier géing ausbeuten. D’ASBL fuerdert d’Justizministesch Sam Tanson op, direkt ze handelen.