Den Deal tëscht dem Centre médical um Potaschbierg an dem CHL schéngt alles anescht wéi an dréchenen Dicher...

Dovu kann een op ënnert anerem ausgoen, wann een e Statement um Internetsite vum CMP liest.

Do heescht et nämlech, dass e Freideg keen Accord mam CHL ënnerschriwwe gi wier. Weider Informatioune kéinten "opgrond vun der ofgemaachener Diskretioun net gemaach ginn", ass ze liesen.

Domadder widdersprécht de Centre médical den Aussoe vun der Gesondheetsministesch e Freideg den Owend am Journal vun der Tëlee. Do hat si als Invitée vum Plateau gesot, dass eben en Accord tëscht béide Säiten ënnerschriwwe gi wier, fir den IRM z'iwwerhuelen.

Deem schéngt deemno nach net esou ze sinn, wann een dem Message vum CMP gleewe kann.

Et gëtt nach kee finalen Accord ëm den IRM Potaschbierg, dat schreift och d'AMMD an engem Communiqué e Méindeg de Mueren.

D'Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere spuert do net mat Kritik un der Gesondheetsministesch Lenert.

Rieds geet vun Intimidatioun an d'Ministesch hätt Gespréicher tëscht dem Centre Medical Potaschbierg an dem CHL forcéiert, fir d'Praxis ënnert Tutelle vun engem Spidol ze kréien.

Dobäi wier awer eng medezinesch Offer baussent de Spideeler onbedéngt néideg fir d'Patienten, sou d'AMMD, fir déi de Gesondheetsdësch speziell bei deem Sujet zu enger renger Alibi-Organisatioun gemaach gi wier.

Am RTL-Interview spuert den President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere Alain Schmit dann och net mat Kritik un der Gesondheetsministesch Lenert: „Deen Accord gëtt et net. Doraus schléisse mir, dass déi ganz Demarche déi d‘Ministesch mécht, net an der Rei ass. Dat huet méi e laange Passé. Dat geet méi wäit zeréck ewéi just déi Ausso e Freiden.“

Um Plateau op der Tëlee hat d‘Paulette Lenert iwwerraschend behaapt, dass den Centre hospitalier de Luxembourg den IRM vun der Privatpraxis um Potaschbierg géif iwwerhuelen.

D'AMMD schwätzt vun Intimidatioun an d'Ministesch hätt Gespréicher tëscht dem Centre Medical Potaschbierg an dem CHL forcéiert, fir d'Praxis ënnert Tutelle vun engem Spidol ze kréien. Och dat verurteelt den Alain Schmit.

Dat neit Gesetz iwwert den Extra-Hospitalier wier an deem Kontext eng weider Fal, mat der Konsequenz, datt spezialiséiert Dokteren fir ëmmer u Spidols-Strukture gebonne ginn. D'Gesondheetsministesch géif extreme politeschen Drock opbauen, fir dat duerchzeboxen, esou de President vun der AMMD: „Mir weisen och schaarf zeréck, dass de Public op d‘Aen gedréckt gëtt. Mir fillen eis och esou an der ganzer Demarche vun engem Gesondheetsdësch. Do gouf et ni richteg Diskussiounen an och keen Echange vun Argumenter. Du gouf am Réck eppes zesummegeschriwwen, wat d‘Rezepter vum leschte Joerhonnert sinn, mä net vun enger moderner Medezin. Sou wäerte mir och net weiderfueren a sou wäerten se och zäitno net besser versuergt ginn. No deem ale Prinzip dauert et Joren bis mir iergendeppes ëmgesat kréien. Déi Zäit hu mir net méi.“

Eng medezinesch Offer baussent de Spideeler wär onbedéngt néideg fir d'Patienten, sou d'AMMD.