Etüd bei belsche FrontalierenVrun allem Leit mat ganz héijen oder ganz nidderege Qualifikatioune ginn ugezunn

RTL Lëtzebuerg
D'Hallschent vun der Lëtzebuerger Main d'oeuvre kënnt entretemps all Dag iwwer d'Grenz heihi schaffen.

Den Institut Liser huet eng Etüd bei Belsch gemaach, déi tëscht 2014 an 2016 en Job zu Lëtzebuerg acceptéiert hunn.

D’Resultater weisen, datt virun allem entweder Leit mat ganz héije Qualifikatiounen oder mat ganz nidderege Qualifikatiounen ugezu ginn.

Awer och aner Facteure spillen eng Roll, zum Beispill den Alter, d’Proximitéit zur Grenz oder de Fait, datt ee virdru schonn zu Lëtzebuerg geschafft huet.

Back to Top
CIM LOGO