Affär Wilmes"Et ass eng Expertise, déi een net kann akzeptéieren an déi nach eng Kéier muss gemaach ginn”

Dany Rasqué
Dat seet den Dokter Robert Huberty iwwert d’Expertise vun deenen 3 Medezinner, déi zur Conclusioun komm sinn, datt den Orthoped Philippe Wilmes Patiente soll mutiléiert hunn.
Affär Wilmes: "Et ass eng Expertise, déi een net kann akzeptéieren"
Bei enger Pressekonferenz vum Dokter Wilmes waren aner Dokteren dobäi, déi mat him geschafft hunn an net konnte feststellen, datt hie Feeler soll gemaach hunn.

"Den Dokter Wilmes ass ‘nach wie vor’ 100 Prozent der Meenung, datt hien net eng eenzeg Kéier e gesond Kräizband oder eng gesond Artikulatioun operéiert huet." Dat huet säin Affekot, de Maître François Prüm e Freideg op enger Pressekonferenz ënnerstrach, op där de Philippe Wilmes an dräi weider Dokteren, op de Rapport vun deenen 3 auslänneschen Experte reagéiert hunn. Si ware jo zur Conclusioun komm, datt den Dokter Wilmes an deenen 10 Fäll, déi gekuckt goufen, intakt Kräizbänner operéiert huet a reprochéieren him déi Patienten mutiléiert ze hunn. Op d'mannst ee vun dëse Patienten, eng jonk Fra, kann dat net confirméieren. Si war och op der Pressekonferenz an huet sech hannert hiren Dokter gestallt.

Pressekonferenz vum Dr. Philippe Wilmes - E Reportage vum Dany Rasqué

D'Héichleeschtungssportlerin wëll anonym bleiwen. Et ass eng Patientin, déi sech virun zwee Joer um Knéi blesséiert huet.

"Do war ech awer an enger anerer Klinick nach deemools an do gouf gesot, et wier just de Meniskus. Also gouf ech déi éischt Kéier um Meniskus operéiert, et ass ni besser gaangen. Du gouf ech nach eng Kéier um Meniskus operéiert, et ass och net besser gaang. Ech sinn zwee Joer net gelaf, zwee Joer net gesprongen. Ech hunn zwee Joer mäin Héichleeschtungssport net gemaach, wat natierlech dann awer e grousse Cut ass an engem Liewen. Ech maachen dat vu 5 Joer un. Elo hunn ech der 22. An da gouf mir do och virgeheit, schlussendlech wieren et Phantomschmerzen."

Iergendwann, seet d'Fra, hätt een hir du gesot, datt se de Meniskus misst erausgeholl kréien, mee datt se dann ni méi Sport kéint maachen. Dat konnt a wollt si net akzeptéieren an huet den Dokter gewiesselt. De Philippe Wilmes huet si den 19. Dezember d'lescht Joer operéiert an d'Patientin ass frou iwwert d'Entwécklungen zënter hir.

"Also kann een hei a mengem Fall guer net vun enger Mutilatioun schwätzen an ech fannen dat haut och net richteg, dass mäin Dossier dann am Fong géint den Dokter Wilmes benotzt gëtt, ouni dass ech dat haut wëll."

Och Orthopeden, déi jorelaang mam Philippe Wilmes zesummegeschafft hunn, stäipen hirem Kolleeg de Réck, zum Beispill den Dokter Jacques Mehlen, dee guer net operéiert an déi Patienten, deenen hien net mat konservative Methode kann hëllefen, bei den Dokter Wilmes geschéckt huet.

"Soudatt ech ni an enger Situatioun war, wou ech un OP -Indikatioun hu missen zweiwelen oder wou ech geduecht hunn, hei geschéie Saachen, déi net an der Rei sinn oder illegal sinn."

D'Doktere Mehlen, Garbrecht an Huberty stelle sech och hannert de Philippe Wilmes, wann dee kritiséiert, datt déi auslännesch Experten sech just op d'Biller aus dem IRM baséieren. Dat géif fir eng Diagnos net duergoen, heescht et unisono vun hinnen, de Jacques Mehlen.

"Den IRM ass relevant, dat ass keng Fro, mee den IRM ass awer net alles. Also ech hunn an der Ausbildung geléiert, mir behandelen de Patient a kee Bild. Et gëtt e Gesamtbild an et soll ee mam Patient schwätzen, et soll een eng Anamnese maachen, et soll een déi Froe stellen, déi relevant sinn, et soll een och kucken déi Äntwerten ze kréien, also net onbedéngt ëmmer ganz evident. An dann ënnersicht een de Patient an da kuckt ee sech d'Biller un an am beschte Fall decken déi Saachen sech."

De Philippe Wilmes ass der Meenung, datt hei de Rechtsstaat, wéi hie seet, op all Niveau mat Féiss getrëppelt gouf a seng Rechter vum éischten Dag un net respektéiert gewiescht wieren.

"E gëtt net gehéiert. E kritt keng Méiglechkeet fir sech ze verdeedegen. En ass presumé coupable, an dat ass eng Geschicht, déi soll vum éischten bis zum leschten Dag duerchgezunn ginn. An hei hu sech offiziell Institutiounen dru bedeelegt. Déi heesche Collège médical an déi heeschen och Gesondheetsministère."

De Philippe Wilmes ass sech sécher, datt dat, wat him geschitt, e politeschen Hannergrond huet. D'Detailer ginn et e Méindeg den Owend op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO