D'Regierung ass nom Avis vun den Experten zur Konklusioun komm, datt een aktuell keng Impfflicht soll decidéieren.

Aktuell sinn d'Konditiounen net erfëllt, fir eng Impfflicht anzeféieren. Dat huet d'Regierung haut no der Analys vum Avis vun den Experten decidéiert. D'Proportionalitéit vun esou enger drastescher Mesure wier a Fro gestallt an et wier een zur Konklusioun komm, datt eng Impfflicht am aktuelle politeschen a gesellschaftleche Kontext net kéint zum erwënschten Impftaux féieren. Allerdéngs wëll d'Regierung prett si fir de Fall, datt eng nei méi virulent Corona-Variant opdaucht. De Gesetzprojet, dee scho preparéiert a bal fäerdeg wier, géing dowéinst presentéiert an d'Avise vu Chamber a Staatsrot gesammelt ginn. Mä eréischt nom Debat d'nächst Woch.

De Xavier Bettel, mee och d'Justizministesch Sam Tanson an d'Santésministesch Paulette Lenert hu betount, datt d'Impfung wierkt a géint schwéier Verleef schützt. Eng Flicht anzeféieren, wier awer esou e groussen Agrëff an d'fundamental Rechter vun de Leit, datt gewëss Konditioune missten erfëllt sinn. Et misst nees eng virulent Variant zirkuléieren. Da misst de Vaccin nach ëmmer effikass géint dës nei Variant sinn an eng Impfflicht esou ausgeriicht sinn, datt se genuch net-geimpfte Leit géing iwwerzeegen, fir eng Iwwerbelaaschtung vun de Spideeler ze verhënneren.

Keng Impfflicht fir de Moment / Rep. Fränu Aulner

Wieren d'Konditiounen erfëllt, da misst een – wéi wärend der ganzer Pandemie – nees séier handelen, sou iwwerdeems d'Paulette Lenert. D'Santésministesch sot iwwregens och, si géing kucken, wéi eng juristesch Méiglechkeeten do sinn, fir eventuell e Regëster opzestellen, an deem dra stéing, wien am Santés- a Fleegepersonal geimpft ass oder net.

De Replay vun der Pressekonferenz