Lëtzebuerger Regierung schwätzt sech fir eng NATO-Memberschaft aus

© AFP (Archiv)
Een entspriechende Gesetzprojet gouf e Freideg am Regierungsrot ugeholl, dat huet den Verdeedegungsminister François Bausch op Twitter geschriwwen.
Domadder ass Lëtzebuerg mat Däitschland ee vun den éischte Länner, déi d'Opnam vu béide Länner an d'Verdeedegungs-Allianz op den Instanzewee bréngen.
Eist Nopeschland ass e Schrëtt weider. De Bundestag huet e Freideg mat grousser Majoritéit fir dat entspriechend Gesetz gestëmmt. Dogéint war just d'Partei Die Linke.
Ausserdeem huet d'Regierung decidéiert, eng national Strategie auszeschaffen, fir méi attraktiv fir jonk Talenter ze ginn. An et soll eng national Initiativ lancéiert ginn am Beräich vum Cloud Computing, dat heescht, wann Donnéeën dezentral op Servere gespäichert ginn. Dëst wier e wichtege Volet bei der Ëmsetzung vun der digitaler Strategie vun der Regierung.