Tëscht Hiefenech a GuedberNo Kollisioun mat Camion: 16 Joer jonke Motocyclist u Blessure gestuerwen
Géint 15.30 Auer e Mëttwoch koum et um CR129 tëscht Hiefenech a Guedber zu engem uergen Accident. E Moto an e Camion krute sech hei ze paken.
De Motocyclist, deen an enger Kéier op d’Géigespuer gerode war, gouf schwéier blesséiert a koum mam Helikopter an d’Spidol. D’Strooss gouf fir d’Opraumaarbechte gespaart.
Wéi d’Police um Donneschdeg matdeelt, goufe si am fréie Moien driwwer informéiert, datt de jonke Motocyclist aus dem Oste vum Land am Spidol un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen ass.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.