
De Promoteur Flavio Becca ass e Mëttwoch an der sougenannter Auerenaffär och an zweeter Instanz verurteelt ginn, dat wéinst Abus de biens sociaux a Blanchiment détention. Et geet jo ëm 842 Luxusaueren, déi de Promoteur tëscht 2004 an 2011 iwwert verschidde Firmekonte kaaft hat, alles an allem eng Valeur vu ronn 18 Milliounen Euro. Déi sinn am Joer 2011 beschlagnaamt ginn. De Promoteur hat déi als Investissement bezeechent. D’Hierkonft vun den Auere war fir d’Justiz schwéier nozevollzéien, well se deelweis net méi an der originaler Këscht waren.
An éischter Instanz war de Flavio Becca wéinst Mëssbrauch vu Firmegelder a Geldwäsch zu enger Geldstrof vun 250.000 Euro an 2 Prisong op Sursis verurteelt ginn.
Elo gouf an zweeter Instanz dann de Mëssbrauch vun de Firmegelder, de Blanchiment détention an d’Geldstrof vun 250.000 Euro confirméiert. Am Appellsprozess ass dem Promoteur virgehale ginn, dass d’Kafe vu Luxusaueren näischt mam Firmenzil vu sengen Entreprisen ze dinn hätt. Doraus géing sech dann den Abus de biens sociaux erginn. De Blanchiment détention ass e besonnesche Fall vu Geldwäsch an ergëtt sech graff gesot, wann een e Produkt aus enger illegaler Aktivitéit huet. An dësem Fall wieren dat dann d’Aueren, wann d’Kafe vun deenen Auere mat Firmegelder als illegal ugesi gëtt.
D’Geriicht huet dann och festgehalen, dass alleguerten d’Luxusauere beschlagnaamt ginn, an net just en Deel, wéi et am éischten Urteel decidéiert gouf. Allerdéngs ass d’Geriicht vun 2 Joer Prisong op 1 Joer Prisong op Sursis erofgaangen.
D’Affekotin vum Flavio Becca, d’Lydie Lorang, huet ugekënnegt, an d’Kassatioun ze goen. De Pressespriecher vum Flavio Becca huet iwwerdeems matgedeelt, et wéilt een net kommunizéieren, éier een dat schrëftlech Urteel hätt.