
An de Mailen fënnt een de Logo vun der CMCM. Ënnert dësem steet em Text, an deem et heescht, dass engem seng Memberskaart bei der Gesondheetsmutuelle ausgelaf wier an dass een e Formulaire sollt ausfëllen, fir eng nei ze kréien. Am Mail fënnt een dann och e Link, iwwert deen ee bei de Fromulaire kënnt.
Wann ee sech d’Adress ukuckt, vun där d’Mail geschéckt gouf, fält allerdéngs op, dass et sech ëm eng Mailadress aus der Belsch handelt. Déi besote Mail kënnt deemno net vun der CMCM an et handelt sech ëm eng Arnaque. Wéi ëmmer an esou Fäll, gëllt och hei, dass een net sollt op de Link klicken an op kee Fall seng perséinlech Donnéeë sollt erausginn.