42.000 Leit kënne vun Ufank August un d'Hëllef vum Staat ufroen
D'Subvention Loyer gouf am Kader vun der Tripartite an d'Luucht gesat an esou adaptéiert, datt méi Leit theoretesch dovunner kënne profitéieren.
Um 1. August kéinten am Ganzen 42.000 Leit déi staatlech Hëllef ufroen, hat de Logementsminister Henri Kox virun zwou Wochen an der Chamber deklaréiert. Well awer scho virun den Ännerunge just 1 vu 5 Stéit, déi d'Subventioun zegutt haten, d'Subventioun och tatsächlech ugefrot hunn, hofft de Minister, genee ewéi d'Leit um Terrain, datt d'Leit matkréien, datt et déi Subvention Loyer gëtt.
An dat seet och d'Presidentin vun der Entente vun den Offices Sociaux, d'Ginette Jones. Si plädéiert fir e personaliséierte Courrier fir Leit, déi eligibel sinn. De Jean-Michel Campanella vun der Mieterschutz ASBL, dee proposéiert, datt een d'Leit wann se sech op der Gemeng umelle matdeelt, datt et déi Hëllef gëtt.
Méi Subvention Loyer fir méi Leit
Eligibel fir d'Subvention Loyer si Leit, déi selwer net Proprietär, Koproprietär sinn etc. Donieft muss de Loyer op d'mannst 25% vum Budget vun enger Persoun duerstellen. An dann dierf de Revenu och net iwwert engem gewëssene Seuil sinn. An dee Seuil geet och vu Méindeg un an d'Luucht, sou datt méi Leit an de Genoss kenne kommen. Beispill: virun der Ännerung duerft eng Persoun eleng net méi ewéi 2.649 Euro brutto de Mount verdéngen. Elo sinn et 3.126 Euro.
De Jean-Michel Campanella begréisst, datt d'Subvention Loyer erweidert an erhéicht gëtt. Allerdéngs bedauert hien, datt nach weider Leit ausgeschloss sinn ewéi Leit, déi an enger Wunneng vun ëffentleche Bauträger wunnen oder nach Refugiéen, déi a Foyere liewen. Wat awer Mol gutt wier, dat ass datt d'Formulairë fir d'Demandë vereinfacht goufen och. Mä problematesch wier nach ëmmer d'Zäit, déi et brauch, bis een d'Suen kritt, sou d'Ginette Jones.
Fir de Jean-Michel Campanella, sinn d'Héischt vun de Loyeren och den eigentleche Problem. Fir d'Ginette Jones wier d'Subvention Loyer e klenge Montant, mä ëmmerhin eng wichteg Entlaaschtung fir Leit, déi zum Beispill 1.900 Euro Netto hunn de Mount an dovunner 1.200 fir Loyer a Chargë musse bezuelen.
Um Internetsite Logement.public.lu fënnt een an der Rubrik "Locataire", d'Formulairen an eng Rechemaschinn fir d'Subvention Loyer. Mä opgepasst: d'Calculatrice ass nach net un déi nei Dispositiounen ugepasst ginn, waart also nach bis den 1. August.