Elengerzéiend Mamm freet bei Piraten ëm Hëllef

© AFP Archivbild
Eng Mamm vun 3 Kanner hat zwar hir Avancë bezuelt, ma den Decompte stoung nach op. Si krut de Stroum gespaart.
Wa sozial schwaach Leit hir Stroum- oder Gasrechnungen net kënne bezuelen, gi se net ofgespaart. Dat hat den Energieminister Claude Turmes emol versprach. E Méindeg de Moien huet sech awer eng Fra bei de Pirate gemellt an ëm Hëllef gefrot, well hir genee dat geschitt ass: Eng Elengerzéiend Mamm mat 3 Kanner, déi beim Office social gemellt ass, hat kee Stroum méi.
D'Madamm hätt kënne beleeën, datt d'Avancë bezuelt waren, mä den Decompte stoung nach op. Fir deen hat si opgrond vun der wirtschaftlecher Situatioun awer keng Suen, explizéiert de Marc Goergen, Deputéierte vun de Piraten.
"Dunn hu mer direkt bei Enovos intervenéiert, och beim Ministère an dunn huet de Beamten eis gesot, dee wéisst näischt dovunner, datt keen dierft ofgespaart ginn. Et ass nämlech esou, virun e puer Wochen hat ech extra an der Chamber nogefrot, wéi mer d'Leit dann elo schütze beim Gas a beim Stroum. Dunn huet den Här Turmes eis hei héich an helleg an der Chamber versprach, datt déi sozial schwaach Leit net géingen ofgespaart ginn. Lo ass eis natierlech de Moien en anere Fall gezielt ginn an dat wäerte mir och elo kloer beim Minister hannerfroen. Ech hat schonn eng parlamentaresch Fro gestallt an do ass schonn erauskomm, datt an de leschte Joren honnerte Leit ofgespaart gi sinn, sief et Gas oder Stroum. Elo hu mer nach eng Kéier de Beleg, datt et souguer nach elo an der aktueller Kris Leit trëfft an et muss ee bedenken, dat ass eng Mamm mat dräi Kanner."
An Tëschenzäit huet d'Famill erëm Stroum. D'Piraten hunn der Fra d'Sue virgestreckt.