Auto géint Bam
Schroen Accident op der N10 tëscht der Doosber Bréck a Maarnech
Kuerz no 16 Auer koum et op der Héicht vu Maarnech zu engem schroen Accident mat engem Blesséierten.
En Automobilist war an enger Lénkskéier kuerz viru Maarnech vun der Strooss ofkomm a krut e Bam ze paken. Den Opprall war relativ hefteg an de Rettungshelikopter gouf geruff. De Chauffer war am Auto ageklemmt ginn.
Op Nofro bei der Police koum d'Confirmatioun, dass de Chauffer am Auto schwéier blesséiert ginn ass. Hie koum mam Helikopter an d'Spidol.
D'Streck war fir gutt 2 Stonne komplett fir den Trafic gespaart, betraff war d'N10 selwer wéi och den CR326. Eng Deviatioun iwwert den CR342 iwwer Housen, Rouderssen gouf ageriicht.

©
Domingos Oliveira / RTL

©
Domingos Oliveira / RTL

©
Domingos Oliveira / RTL



Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies