Den Dr. Robert Thill-Heusbourg ass op den 10. Oktober 2022 als Directeur Médical zeréckgetrueden. Dat huet de Verwaltungsrot matgedeelt.

D’Demissioun wär aus perséinleche Grënn. Den Dr. Thill-Heusbourg schafft awer weider als Neurolog am Nordspidol.

D’Recrutementscamapgne, fir en neie medezineschen Direkter ze fannen, géif lafen, sou nach de Verwaltungsrot.

Viru genee enger Woch hate 6 Kardiologen aus dem CHdN offiziell confirméiert, datt si vum 1. Januar d’nächst Joer u mat hiren Aktivitéiten am Ettelbrécker Spidol ophalen.