Bei Restopolis wier d'Demande vu vegetareschen a vegane Plate staark ugezunn, esou de Minister Meisch op eng Fro vu zwee DP-Deputéierten.

De Pilotptojet "Veggie Monday" war e Succès an den dräi Lycéeën um Geesseknäppchen, déi zejoert matgemaach hunn. Dat äntwert den Educatiounsminister Claude Meisch senge liberale Parteikolleege Carole Hartmann a Claude Lamberty.

D'Lycéën Athenée, Aline Mayrisch a Michel Rodange hätte gefrot, fir weider ze maachen a méindes exklusiv vegetaresch a vegan Menüen ze proposéieren. Och aner Etablissementer kréie proposéiert, de "Veggie Méindeg" ëmzesetzen, deelt de Minister den Deputéierte mat.

Mam Konzept "Food4Future" wier bei Restopolis d'Vente vu vegetareschen a vegane Plate staark ugezunn. 44% vun de verkaafte Menüen dëst Joer ware vegetaresch, 5,4% vegan.

Op där aner Säit wier bal e Fënneftel manner Fleesch a Fësch konsuméiert ginn.

Knapp 20.000 Schüler iesse pro Dag a Schoul- oder Unis-Kantinnen. Viru 5 Joer waren et der just knapp 12.000.