Gutt zwee Méint nom Doud vun där jonker Kurdin Mahsa Amini ginn d'Protester géint den autoritäre Regime am Iran selwer an och weltwäit weider.

E Samschdeg hunn d'Iraner aus der Groussregioun hei zu Lëtzebuerg hir Roserei vis-à-vis vum Regime vun de Molla eraus gelooss. Den Appell ass kloer: "Et ass héich Zäit, maacht bei der globaler Beweegung mat, zu Gonschten vun der iranescher Revolutioun." Och als Europäer, dee kee Farsi versteet, huet een d'Determinatioun, jo d'Roserei, déi aus dem Bauch koum, kloer gespuert.

"Die Demonstranten im Iran befinden sich in einer sehr, sehr entscheidenden Phase. Wenn es so weiter geht, die Brutalität hat extrem im Iran zugenommen. Und mittlerweile werden Kleinkinder im Iran auch erschossen. Also wenn es so weiter geht und wenn die Europäische Union nicht mit Hilfe für die Demonstranten und die breite Bevölkerung im Iran mitwirkt, mit Sicherheit wird noch weiterhin viel Blut vergießen'', sou de Gorgie Zadeh, Co-Organisateur (SIMOURQ asbl)."

Et ass e kloren Appell no Hëllef, deen d'Iraner un de Weste riichten, dat no zwee Méint un extrem brutaler Repressioun géingt iwwer enger Protestbeweegung, déi sech dës Kéier net nëmmen op grouss Stied beschränken.

D'Positioun vum Regime ass kloer: Et geet duer! Als Exempel gouf e Sonndeg e sechsten Demonstrant zum Doud verurteelt.

An awer: Virop jonk Iraner, den Duerchschnëttsalter vun der Populatioun läit bei ronn 32 Joer, loosse sech net beandrocken. Reforme ginn hinnen dës Kéier net méi duer, se fuerderen e Wiessel vum System.

"Mir hunn all Famillen dohannen. Mir maachen ons Suergen ëm si. Mir hoffen, datt den Iran e fräit Land gëtt. Sou séier wéi méiglech. Et ass e Regime vun der Diktatur. Eng grausam Regierung'', sou eng Demonstrantin hei zu Lëtzebuerg.

Rieds geet vu bis elo ëm déi 400 Doudeger. D'Rapporte vu Mënscherechtsorganisatioune sinn erschreckend: iwwer 16.800 Iraner wieren zanter Mëtt September festgeholl ginn. An awer wëlle vill Iraner dës Kéier net opginn.

"Je crois que cette fois, vraiment ça va changer. J’espère que ça va changer. Par ce que le monde entier a besoin d’aller dans la bonne direction. J’espère que les gouvernements européens vont aider. On ne veut pas qu’on se mêle dans la politique iranienne. Mais je voudrais bien qu’ils ne soutiennent plus le Régime Islamique en Iran'', sou eng Iranerinn.